Wat mécht een, wann een 10 Stonnen op engem Flughafen wéngst engem Schnéistuerm fest sétzt? Ging een séch dat och um Findel trauen?
(via BoingBoing)
Wat mécht een, wann een 10 Stonnen op engem Flughafen wéngst engem Schnéistuerm fest sétzt? Ging een séch dat och um Findel trauen?
(via BoingBoing)
London 2012, dir wärt ët gesin!
A gläich nach ë Video vun promoteluxembourg.com
Ech hu gemierkt, datt a läscht Zäit hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi professionnell Videoen hirgestallt gin. Net sou wi desen (okay, dat war och eng aaner Zäit). Kennt nach een sou Beispiller (onofhängeg vun der Ausso)?
Den Titel vun desem Artikel kënnt op desem Blog a läschter Zäit leider ë bessen ze kuerz. Duerfir kann ech awer eng nei Versioun vun der Blogbuerg ukënnegen.
Den Design gouf ë bessen iwwerschafft an ët kritt een ëlo di neisten Artikelen, zesummen mat engem kuerzen Extrait aus den ageschriwwen Blogen présentéiert. Desweideren gelangt een iwwert den Titellink direkt op den beschriwwenen Artikel a net méi just op d’Haaptsäit vum jeweilege Blog. Dat hëlleft besonnesch bei “high traffic”-Newsblogen, wou ee soss misst als éischt nach sichen.
Wann nach een eng Iddi iwwert weider Informatiounen (Allgeménges oder spezifesch zu engem Blog), di kinnten ugewise gin, huet, ass säi Virschlag hei an de Kommentaren ausdrécklech erwënscht.
D’Blogbuerg huet lo ën “Update Service” ënnert foljhender URL:
http://blog.egalwaat.lu/ping/
Wann dir ë Blog an der Blogbuerg stoen huet, kënnt der des Adress an ärem Blogsystem androen an dann gëtt all Kéiers, wann der ën Artikel schreiwt, d’Blogbuerg drop opmierksam gemaat an d’Haptsäit bannent ë puer Minutten mam Artikelnumm aktualiséiert.
Dat ganzt ass nach nei an ët wärte wuel nach deen een oder aaneren Fehler optrieden, duerfir sot Bescheed, wann ët net sollt richteg fonktionéieren.
Wéi ech zoufälleg op Chroniques du Luxembourg ën Artikel iwwert eng Kaart vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1770 fonnt hun, duecht ech mir, do kinns de mol eppes Klénges iwwert Bouneweg schreiwen. Als gebiertege Bouneweger hun ech méch scho méi wi eng Kéier iwwert de Wandel vum bevölkerungsräichste Quartier vun der Stad Lëtzebuerg interesséiert.

Ë genauen Grënnerdatum vun der Uertschaft ass mer net bekannt, mee ech gesouch de Numm schon op enger Kaart aus der Mëtt vum 17. Jorhonnert erwähnt. Domols wor op där Plaatz just ee Klouschter a Felder ronderem. D’Kaart vun desem Artikel ass iwwert 100 Joer méi jonk an ët wore mëttlerweil eng 2 Dozen Haiser dobäi komm. Fir net sou Uertskënneger beschreiwen ech mol di Kaart vun 1770 an hun zur Verdäitlechung ën deelweis transparente Stroosseplang vu Google Maps driwwer geluecht. Ech hun och gemierkt, datt all Gedréis, Vergréisserung a Verkléngerung vun der aktueller Kaart näischt genotzt hun, fir së genau iwwert den historesche Plang zë lééen. Natirlech huet séch zënterhir eng Jett geännert, mee d’Kaarten woren domol och nach net sou moossstabsgetrei an wuel éischter als Konschtwierker un ze gesin.
1. Fir séch mol als éischt zë placéiren, eng Plaatz di wuel jhiddereen kennt: d’Gare. Do, wou haut eng historesch wertvoll Gare steet, wor domols just, fir ët esou auszedrécken, Pampa. Ët sollt souwisou nach 55 Joer daueren, bis di éischt Eisebunn iwwerhaapt an England ging ufänke mat rullen. Di heiteg Stréck vun de Gleisen, gëtt just duerch eng “Chaussée” ugedeit, di ganz ënnen op der Kaart an di heiteg “Route de Thionville” iwwergeet, wuël eng vun de längste Strossen aus der Stad; féiert së dach vun der Gare iwwert Bouneweg den Houwald erop, da rem den Hesper Bierg erof bis an di Uertschaft mam nämlechte Numm, weider duerch Alzéng an hällt éischt kuerz firun der franséischer Grenz zu Fréiseng op.
2. Dese Rondpoint, deen d’Bouneweger Strooss mat der “Rue Auguste Charles” verbënnt, gouf éischt Mëtt de 1990′er Jore gebaut a bis zu deem Zäitpunkt wor do héichstwahrscheinlech nach d’Originalkräizung. Ech ka méch nach erënneren, datt déi Plaatz, wann ët richteg staark gereent huet, méi wi eng Kéier iwwerschwemmt war, wéll dat den déifste Punkt vu Bouneweg ass (ausser d’Dall erof bei d’Uelzëcht). D’Pompjéen hu misste méi wi eng Kéier eng Reih Kelleren auspompelen, wat mëttlerweil nemmi de Fall ass, wéll d’Kanalisatioun entscheeden vergréissert gouf (d’Aarbechten sin nach amgaangen, duerfir ass Bouneweg am Moment quasi ën eenzege Schantjen). Südöstlech vum Rondpoint ass eng Haiserfront (ënneschten Deel vun der ‘2′), di ofgerappt gouf, sou datt ëlo d’Stross an den Trottoir vill méi Plaatz hun.
3. D’Strooss erof bis bei d’Uelzëcht (di domols nach anscheinend “Altzig” geheescht huet) goung bis bei eng Millen (di ech nach net kannt hun). Ech huelen un, dat ass déi Plaatz wou Ponts & Chaussées hautzudags ë grousst Lager hun. Di schwaarz Linn ë puer Meter südlech vun där Strooss ass (huelen ech un) di sougenannte ‘Bouneweger Baach’, vun där wuel di mannsten eppes wëssen. Hautzudags verleeft së komplett ënnerirdesch, ass kanaliséiert an ët gesäit ee just nach bei der Uelzëcht sélwer ë Rouer aus enger Mauer kommen, dat d’Kanalisatiounswaasser an de Floss leet.
4. D’Hämmer Säit erop, wor domols eng riicht, wann och zimlech géi Affär. Fir dat net mussen den Autoen zou ze mudden, ass di Strooss wuel an eng gréisser Kéier geluecht gin (Päerd hate wuel kéng Problemer?). Di aktuell Kaart ass do leider scho nemmi wéngst Moossstabsproblemer ze gesin. Di laang Insel an der Uelzëcht existéiert och net méi; de nördlechen Arm ass hautzudags dréchen.
5. Den interessantesten an eelsten Deel vu Bouneweg ass dat fréiert Klouschter. Hautzudags weist bal näischt méi op séng Existenz hin (ausser de Stroossenumm “Cour du Couvent” (net ze verwiësselen mat der “Rue du Couvent” um Houwald, wou d’Post heiansdo Problemer hat, di zwee ausserneen zë haalen)). Als Erënnerung gouf Mëtt de 1990′er di fréier Klouschterpaart rem opgebaut, ech méngen së haate kuerz firdrun d’Sténg dovu fonnt oder sou ähnlech. Eng Touristenattraktioun ass së net sou richteg gin. Östlech direkt niëwendrun ass d’”Place du Parc” (Parkplaatz), déi fréier wuel de Klouschtergaart wor. Westlech dovun steet iwwregens d’Gebuertshaus vum Gabriel Lippmann, ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, di ë Nobelspräis kruuten (fir ë Verfahren fir farweg Photoen kënnen zë produzéiren). Ëlo ass d’Plaatz komplett zoubetonéiert an ët steet ë klénge Kiosk drop, wou d’Bouneweger Musek alt och scho mol deen een oder aanere Concert gin huet. Där hire Museksall ass iwwregens de südlechsten Deel vum fréiere Klouschter (rue Pierre Krier).
6. Op deser Plaatz fänkt och d’Pierre Krier-Strooss un, wéll vis-à-vis säi Gebuertshaus stoung (dat gouf d’läscht Joer ofgerappt). Des Strooss schléit hautzudags hannert dem Klouschter eng aaner Richtung an, mee kënnt awer op der nämlechter Plaatz un, anzwar de Wee hannert dem Kaltreis erof a rem erop op d’Itzeger Knupp (7).
8. Interessant fannen ech, datt déi éischt bekannte Siedlungsplaatz vu Bouneweg komplett vergiess ass. Um Kaltreis gouf ët zu Réimerzäiten ë Gutt, vun deem an de 90′er Joren d’Grondmaueren ausgegruewe goufen an een së haut do ‘bewonnere’ ka goen. Dee Wunnsëtz muss wuel, nodeems ën opginn gouf, séier a Vergiëssenheet gerode sin, wéll quasi iwwert 1.000 Joer laang, ausser Felder, näischt méi do gebaut gouf. Dunn éischt koum d’Klouschter a séng Géigend a Mëtt den 1980′er Joren gouf eng Wunncité do opgeriicht. Historiker goungen ëmmer dovun aus, datt de Numm “Bouneweg” vun “bona via” (wahrscheinlech ë Réimerwee) ging hir kommen; mëttlerweil (besonnesch no der Entdeckung vum Gutt) soll den Ursprong am Wuert éischter vun “bonus vicus” ofgeleet sin.
Dat war ët dann mat deem kléngen Exkurs an d’Geschicht vun engem Staadter Quartier. Vläit maachen ech dat Ganzt iergendwann och nach mat aanere Quartieren, wéll di historesch Kaart ass nawell grouss.
Ë Samschden, de 4. Juli 2009, wor ët rem sou wäit: den dësjähregen Clipstar-festival gouf zu Iechternach am Ciné Sura gewisen. Wéi schon d’läscht Joer, wärt ech op deser Plaatz ë klénge Résumé mat enger Beschreiwung (réng subjektiv) vun de présentéierte Filmer ugin.
No engem extrem sonnegen Dag, wor ët am Kinossall nët immens frësch, obschons d’Klimaanlaag gelaf ass. D’Temperatur sollt séch bei der Arrivée vum weidere Publikum nach steigeren (dem Thorben ass mol d’Wuert “Sauna” entwuscht). Eng wëllkommen Ofwiësslung woren dunn de Chris an de Federico, di mat engem Glaçekierfchen duerch de Sall goungen a wahrscheinlech ë gudd Geschäft gemat hun.
Bei der Moderatioun war natirlech jhiddereen enttäuscht, datt den Thorben dest Joer nët am Kostüm do stoung, wéll ën deen a Schottland leie gelooss hat. Eng dem entspriëchend Umiërkung koum vum Michael Dohrmann (Bedreiwer vum Kino), deen och Member vum Jury war. Desweideren war och den Akteur Germain Wagener am Jury, deen dëst Joer ë besse mi kléng ausgefall war, wéll verschidde Leit entweder schon an der Vakanz waren oder op engem Dréi vun engem Film.
D’Filmkategorien vun desem Joer goufen geännert an hun jhust nach zwou Zorten ëmgraff: d’Kuerzfilmer (ënnert 20 Minutten) an d’Miniclips (ënnert 5 Minutten). Fir d’nächst Joer wärt gekuckt gin, op een nët och nach eng drëtt Kategorie Dokumentatiounen kann aus de Kuerfilmer eraus huelen. Wéi gewinnt, versichen ech net ze vill ze spoileren, mee heiansdo ass eng Diskussioun vun engem Film nët ouni Beschreiwung méiglech. Am Groussen a Ganzen muss ech soen, datt ët dëst Joer méi ën interessantere Choix vu Filmer gouf.
Kategorie KUERZFILMER
À l’ombre d’Ighil M’Goun
Regie: Michel Fizaine & Ralf Kohr
Dauer: 15 Minutten
Ën Dokumentarfilm, deen d’Abenteuerrees vun ë puer Däitschen per Mountainbike am Marokko beschreiwt. Fänkt am Ufank nët immens interessant mat Beschreiwungen vun der Route un, mee wirkt awer opmannst filmteschnech gesin, gudd duer gestallt. No enger Weilchen gëtt ët dann trotzdem interessant, wann verschidde kléng Erliëwnësser um Trek erziëlt gin (ee Cycliste hat séch veriërt, verschidde Reaktiounen vun Duerfbewunner). Randnotiz: den Erziëler sot, hien hätt missten séng Aarbecht opgin, fir kënne mat zë goen. Bei sou eppes sin ech ëmmer verwonnert, wéi wäi Leit gin, hir d’ganzt Liëwen op d’Kopp ze geheien, just fir eng Rees vun ë puer Wochen.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Marie Side
Regie: Fréderic Sauvant
Produzent: EPISCLÉRITE Production
Dauer: 20 Minutten
Eng Fra schëppt schwéier am Gaard a kritt härno beim Séch-wäschen Angschtzoustänn an Halluzinatiounen. Datt dat Gewëssensbëss sin, gëtt een éischt mi spéit gewuer. D’Geschicht vun enger ënnerdréckter Fra an hirem autoriäre Mann, déi extrem previsibel zu engem Enn kënnt. Geschwat gëtt eigentlech just am läschten Drëttel vum Film fir ë puer Hannergrënn z’erklären. Op d’Sprooch hätt een eigentlech komplett kinnte verzichten, d’Geschicht wir och esou ze verstoë gewiescht, besonnesch wéll d’Virliesen vun engem Bréif um Schluss nët immens duër bruecht gëtt. Am Groussen a Ganzen ën nët immens originelle Film, mee huet awer ë puer interessant Szenen an Iddien.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5
La nuit passée
Regie: Eileen Byrne
Dauer: 8 Minutten
Ë Meedchen erwächt bei engem Friëmen op der Couch a gëtt gewuer, datt säi männleche Camping-partner bei engem aanere Meedchen am Bett läit. Eng relativ kléng Iddi, déi am Ufank gewollt verwirrend duer bruecht gëtt. D’Protagonisten wësse net genau, wou së stinn (d’Sprooch wiësselt vun Franséisch iwwert Englesch op Däitsch), së wësse net, wéi së sollen op onerwaart Événementer reagéieren; keen ass séch richteg eens, wou ën séch a sénger Relatioun mat deem Aaneren befënnt. Vun der Produktioun hir net ëmwerfend, mee ët gesäit een, datt séch méi op d’Dréibuch an d’Charaktere konzentréiert gouf, wéi op dat Visuellt.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5
Date-Lech
Regie: Mike Tereba
Produzent: Pyrrhus, Pulsa Pictures
Dauer: 17 Minutten
Op engem Speed-Dating-Événement begéinen séch allerlee bizarr a skurril Personnagen. Bei desem Film jot ee Géck den Aaneren. Eng ganz Reih stereotyp Klischeen gin duerch de Kakao gezunn an ët gëtt engem ni langweileg. Vun der Mise-en-scène hir net spektakulär, mee zolid duer bruecht.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 4,5/5
2. Präis vun der Jury
Präis vum Publikum
Mena
Regie: Eileen Byrne
Produzent: Hochschule für Fernsehen und Film München (Produktionsleiter: Daniel Rohm)
Dauer: 11 Minutten
An desem a schwaarz/wäiss gedréitene Film (wuërtwirtlech an och vun der Thematik hir) geet ët net ëm Rassismus, mee éischt ëm Virurdeeler vu verschiddene Volleksgruppen. Ë schwaarz Meedchen, dat adoptéiert bei engem wäissen Däitsche liëwt, schummt séch wéi dese mat op eng afrikanesch Party kënnt. Bei séngen afrikaneschen, méi temperamentvolle Frënn, fënnt hatt séch awer net direkt zurecht an éischt säi Papp hëlleft him, dee Problem z’iwwerwannen. Schlussendlech ass ët éischter de Problem Papp/Duechter, wéi Schwaarz/Wäiss deen eng Léisung fënnt. Bei desem Film miërkt een, datt Leit vum Fach (oder souer, di ët mol eng Kéier wëlle gin) um Wiërk waren. Technesch gudd an Szene bruëcht, weist de Film beim Dréibuch séng Stärkten. Ën duerchaus kriddelegt Thema, wat nët onbekannt ass, ower hätt kinnten an d’Box goen. Mee vun onpassender Peinlechkeet fënnt ee kéng Spuer a sou genéisst een einfach nëmmen eng kléng Gesellegkeet ënnert zoukënftege Frënn.
Dréibuch: 5/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 5/5
1. Präis vun der Jury
Der Geburtstag
Regie: Carla Muresan
Dauer: 9 Minutten
Eng Business-Fra (diktéiert ständeg um Handy Verdreeg) bréngt hire Fils zu séngem Papp, deen ës wuel einfach genuch hat a Paschtouer um Land gin ass. Eng léiw Geschicht ronderem de Kontrast Materialismus/Frëndschaft. D’Mamm gesäit just, datt de Bouf rem kee Kado mat heem kruut. Beim Spazéire goen, pléckt së séch vun engem Baam einfach sou ën Aapel fir ën z’iëssen. Dem Bouf säi Kado dogéint ass eppes, dat ee nët kann upaaken; hië planzt zesumme mat séngem Papp ë Baam. Ë klénge léiwe Film, deen zimlech roueg dohir kënnt a nët versicht méi zë sin, wéi ën ass, awer och nët manner.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Lebensraum des Mäusebussards
Regie: Willy Lang
Dauer: 19 Minutten
Wéi ech d’Dauer vun desem Documentaire gesin hun, hat ech scho baal Angscht ën “2 indisch Päerlen strike back” (Artikel vum läschte Joer) z’erliëwen. Deem sollt awer Gottseidank net sou sin; besonnesch am zweeten Deel, gouf een duerchaus interessant Fakten aus der Déirewelt vum a ronderem de Mäusebussard gewuer. Verschidden, bestëmmt opwänneg ze filmend Szenen an di eng oder aaner spannend/witzeg Szene (härzeg Fuussekanner bréngen engem beim Publikum ëmmer Pluspunkten: “Oooohhhh…”) hun hiers dozou bäigedro, datt kéngem langweileg gouf. Vermutlech war dat den opwännegste Film vum Owend, wéll ën d’Natur ë ganzt Joer laang verfollegt.
Dréibuch: 4/5
Réalisatioun: 4/5
Gesamtbewärtung: 4/5
Kategorie MINICLIPS
Et si c’était toi
Regie: Laurence Streitz
Produzent: Classe 3Cl LTC, Juan Aguilar
Dauer: 4 Minutten
Zwou Schülerinnen ginn op zwou verschidden Art a Weisen (di eng zimlech extrem an endgülteg) mam Thema Schoulmobbing ëm. Dat ganzt ass wuël ë bessen als Reklamm fir SPOS (psychologesche Schülerservice) an als Klassenaufgab am Beräich Medien geduecht. Interessant gedréint ouni lo awer wirklech eng grouss Ausso ze hun.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5
Don’t drop it
Regie: Charel Simon
Produzent: Joel Vitoria, Denis Rainers, Daniel Simon
Dauer: 5 Minutten
Ë Futtballist dribbelt ë Futtball op allméiglech an onméiglech Art a Weisen. Dee Futtballist ass nawell nët schlecht, mee him 5 Minutte laang bei sou eppes no ze kucken, ass mer dann dach ze laang. Vläit war dat jo och als Virstellungsvideo fir Futtballveräiner geduecht. Di eng oder aaner interessant Mise-en-scène hëlleft engem alt iwwert dat Schlëmmst ewech.
Dréibuch: 2/5
Réalisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 2/5
Showtime
Regie: Laurent Prim
Produzent: Sacha Bachim
Dauer: 4 Minutten
Ë Meedchen an ë Jong maachen séch getrennt firun engem Spijhel schéin. Eng iwweraschend Wendung zum Schluss, di awer lo nët fuerchtbar interessant war, rënnt de Film of.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 3,5/5
Gesamtbewärtung: 3/5
1. Präis vun der Jury
M-Block
Regie: Constance Hinger
Produzent: Sacha Bachim
Dauer: 4 Minutten
Ën Zesummeschnatt vun Szenen aus dem Liëwen vum “M-Block”, dem Supportergrupp vun der lëtzebuergescher Futtballsnationalequip. Kee richtege Film, éischter Momentopnahmen vun verschiddenen Événementer. Dat Ganzt ouni Zesummenhang (sou wi dese Saatz kee Verb).
Dréibuch: 1/5
Réalisatioun: 2/5
Gesamtbewärtung: 2/5
Countdown for heroes
Regie: Charel Simon
Produzent: Joel Vitoria, Pir Castiglia
Dauer: 5 Minutten
Mi ë witzege Film gouf ët dann nach zum Schluss. D’Helden vun Dikkrech trainéiren zesumme mat hirem Béier, fir d’Eisléck ze beschützen. Ganz witzeg an Szene gesat, kënnt de Film als ënnerhaalende Projet vun ë puer Frënn eriwwer.
Dréibuch: 3/5
Réalisatioun: 3/5
Gesamtbewärtung: 3/5
Den Internet huet séch lo getopped, ët kann een ën ausmaachen, ët wärt näischt Besseres gin, wi dee Video hei. Merci an Eddi.