Trëppeltour

Puuh, gëscht haat ech nawéll ë schéinen Tour duërch d’Staad gemaat. Um Fëschmaart wor rëm sou ën Fest am “Style” vum Mëttelalter. Daat hun së jo wéll all Joër. Wor awer ganz interessant. Schausteller an Verkéefer aus der ganzer Groussregioun woren do. Ët goufen nawéll vill Saachen verkaaf, déi aus der Zäit staamen, z. Bsp. wor ë Schmatt do, déen frësch op der Plaaz kléng Néel fir Kanner geschmatt (oder geschmieden?) huët. Déi konnten së dunn mat héem huëlen, fir së do entweder zë verschlécken oder sëch an der Täsch domadder d’Hand opzërappen. Also genau wi am Mëttelalter (ausser datt së domols keng Röntgen haaten).

Witzeg wor eng Plaaz, wou së sou eng “Tafelronn”, eigentlech wor ët ën eckegen Dësch, opgeriicht haaten. Eng Baurefra haat hire Kapp an d’Hänn an engem hëlzenen Pranger stiëchen an ë Mann huët gedréiht (oder gedroht? anscheinend kann ech nët sou gudd Lëtzebuergesch, wéi ech geduëcht hun ;) ), hier de Kapp eroof zë schloën. Mä daat Lëschtegt wor wuël éier, datt di ganzen Zäit ën zwéeten der Fra Waasser aus engem Éemer op de Kapp gesprëtzt huët. Dobäi huët ën sëch heiansdo ëmgedréit an ë bessen an d’Leit, di do stoungen no zë kucken, gesprëtzt. Daat héiert sëch lo vläit nët grad witzeg, mä éier kannerech un, mä duerfir hätt der sollten d’Gesiichter vun ë puër Leit gesinn, di fir stoungen an nawéll nët grad frou woren, iwwert hier naass digital Kameraen. Tjo, ët wor eng rauh Zäit, d’Mëttelalter ;)

Ech konnt méng ower nach retten an hunn mech Richtung Clausen fortgemaat, de Bock eroof (ech hätt ni geduëcht, datt ech déen Ausdrock eng Kéier ging gebrauchen ;) ). Iwwert eng Uëlzëchtbréck op di aaner Säit (ënnert den 3 Éechelen), do di kléng Strooss lanscht den däitschen Zaldotekirfecht erop, bis bei den Malakofturm. Ech méngen, déen klénge Wée dohannert, nët d’Serpentine vir d’Autoen, sinn ech nach ni gaangen, wéll ech wor iwwerascht déen klénge Kirfecht zë gesinn. Nawéll ën zimlech aalen.

Dunn goung ët weider bis an de Quartier Weimeschkiirch (oder -duërf?, ech verwiësselen di 2 ëmmer matenéen) an vun do bis op den Kennedy-Boulevard. DAAT ass nawéll eng bréed Strooss! Wann éen do mam Auto lanscht briëdert, mierkt éen daat guër nët sou. Ech haat mer firgeholl bis bei den Utopolis zë treppelen, waat ech dunn och gemaat hun. Mä së hätten roueg mi grouss Béem do planze kënnen, déen éenzege Schiëd, déen ët gouf, wor op der Héight vun der Coque. Sou eng prall Sonn erliëwt éen hei jo éier siëlen, obschons am August…

Nujo, sou schlëmm wor ët eigentlech och nët, do haat ech schon Schlëmmeres erliëwt. Hmm… Notiz u mech sélwer: ech sollt mol iwwert di Trëppeltouren zu Madeira 2001 erziëlen, daat wor méi no un der Héll, awer flott!

Am Utopolis ukomm, gouf natierlech direkt mol eng gudd kaal Cola erageféiert (mäin erhëtzten Mo huët së souguër ausgehaal) an duërno wor rëm alles am grénge Beräich (och wor den “Hulk” kucken ;) ).

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>