kéen enn a siicht

Nodéems während zwée Déeg d’Elektriker am Haus woren, ass daat sélwecht rëm erfëllt vun lauter Elektrizitéit ;)
Së hun eng nei Sëcherungskëscht an déen ganzen Krepéng agebaut, wéll d’Gemeng lo an der Strooss nei Leitungen geluët haat. Duerfir wärten lo och geschwënn d’Kabelen, déi nach an der Loft tëschent den Haiser hänken, verschwannen.

Ech duëcht, datt den Emailproblem mam Spam sëch geluëgt hätt, mä duerfir kënnt lo ën neien. Ë Virus ass rëm amgaang, Emailen mat méngem Domainnumm am “From:” zë verschécken, vun nët existenten Adressen aus un nët existent Adressen. Duerfir kréien ech lo pro Daag ongeféier 300 Bouncen zréck, datt d’Email nët konnt zougestallt gin. Käppéiren di Adminastratoren vun den Mailserveren nët, datt eng Email nët onbedéngt vun däer Adress muss kommen, di am “From:” stéet? Wann ech ën normalen Bréif (aus Pabeier) oofschécken, dann kann ech dach och egal wiën als Oofsender drop schreiwen. Ë groussen Aaarghl…

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>