Invasioun vun den Krëschtmännecher

Fir d’éischt haat ech sou ë Kolleg op der Paräisser Plaaz um Balkon vum éischten Stack vun enger Bank gesinn, di fréier nach “BIL” gehéescht huët. “Oh”, duëcht ech mer, “dat doten ass nawéll eng witzeg Iddi. Fir dodrop zë kommen…” Dat wor sou ongeféier 1997.

Dat Joër drops hounge der alt och schons zwéin oder dräi an der Groussgaass. “Asou, lo sin di aaner alt och op de Goût komm. Tjo, firwat nët.”

An wat muss ech dëst Joër gesinn? Vun Mëtt November 2003 un, gesäit éen bal op all 2. Balkon sou ën blöden Krëschtmännchen (Weihnachtsmann, Santa Claus, Père Noël) hänken. Dat ass NEMMÉI witzeg! Wann ët jhust d’Geschäfter wieren, wéi am Ufank, mä déen Kreppéng verbréed sëch virusarteg och ënnert den Privatleit. Souguër den Noper huët lo éen um Balkon hänken, mä Gottsäidank ass dat heiten eng Stross, wou éen nët an d’Luut kuckt.

An ëmmer déen nämlechten rout-wäissen Typ déen an sénger Bewegung wéi zu Stéen erstarrt wierkt, wéi wann d’Medusa ën perséinlech um Balkon begréisst hätt. Ass de Kamäin nemmi modern, oder wéi? Do ging éen ën alt nët sou vu baussen gesin.

Wann ët wéinstens nach Variatounen ging gin: z. Bsp. éen mat engem Messer am Réck oder mat engem Séel ëm den Hals. Ech mengen, ech hänken loch och éen op, mä mam Kapp no ënnen an engem fierchterleche Gesichtsausdrock, déen säin befirstéhend Opprallen um Trottoir soll undeiten.

Wéinstens gët dann nemméi agebrach, wéll së sëch denken, do klëmmt jo schon ë Kolleg.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

One Response to Invasioun vun den Krëschtmännecher

  1. Pingback: Dem Pa säin Blog » Blog Archive » sëch d’klénsch an d’hand drécken

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>