D’Krëschtmännecher schloën zréck

Wéi ech viru kuërzem hei eppes iwwert den Trend, Krëschtmännecher op d’Façade zë hänken, geschriwwen hun, wosst ech nach nët, datt ech do nët déen éenzegen wir, déem dat liicht op de Géescht ging goën.

Wéi lo bekannt gou, soll zu Hesper éen (oder éent) 20 der monter Gesellen op ë Baam gehaang hun an am Neiduërf ass och éen duërch ën Erpresserbréif ersaat gin. Ech soën direkt: “Ech wor ët nët!” Ech wäschen méng Hänn an Onschold an démentéiren all Behaaptungen, wéi së zum Beispill schons um Usenet an der Newsgrupp alt.letzebuerger opdauchen. Och nozësichen bei Google Groups, mat Hëllef vun der erweideter Sich an den Message-ID’en “799c469c13fbb93309d5a1d5ae3e6a83@news.egalwaat.lu” an “3ffec6e5$1_1@news.vo.lu”, respektiv déenen Threaden, déi sëch aus den Artikelen entwéckelt hun.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>