éen dag am joër

Also, wien gëscht den Owend nët um Gala-Concert vun der Bouneweger Musek am Conservatoire wor, déen huët wierklech eppes verpasst. Ech kann zwar nët onparteiesch schwätzen (wéll ech am Orchester souss ;) ), mä mer waren wierklech gudd *sélwer_op_d’schëller_klapp*

Den Solist vum Owend wor den lëtzebuergeschen Perkussiounsgrupp “Stroke X”, si hun ënnert aanerem och schons d’läscht Joër fir Nationalfeierdag op der, ech mengen, Clairefontainesplaaz an der Staad gespillt. Als éischt gouf ë Stéck vum Emmanuel Séjourné opgefouert, mam fantasivolle Numm “Concerto pour 3 Percussions et Orchestre (d’Harmonie)”. Wirklech ë flott Stéck an di 3 Solisten hun sëch wirklech all Méi ginn, sou datt eng wonnerbar Opnahm gelong ass. Duërno huët den Orchester nach “Windows of the World” vum Peter Graham zesummen mat déenen 6 Memberen vun Stroke X gespillt. Eng immens Solo-Show mat flotten Spezialeffekter huët dat ganz oofgerënnt. Respekt, kann ech do jhust nach soën.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>