alt rem ë schaltdag

Haut wor rem den traditionnellen Buergsonnden. Dat ass eigentlech eng Traditioun, di mer gefällt. Samchdes gët ë grousst Kräiz aus Holz opgericht, dat dann Sonndes rem niddergebrannt gët, also vollkommen sënnlos, an duerfir genau mäi Goût ;)

An dann dat ganzt Fest ronderem, zë drénken an z’iëssen an eng Musék spillt. ‘t ass jhust schuëd, dat déi Traditioun jo anscheinend ëmmer méi um Verschwannen ass, wéll a verschiddenen Uërtschaften sëch ëmmer manner Leit fanne loossen, déi beréet sin di vill Aarbecht op sëch zë huëlen. An dann gin ët jo och nach heiansdo Lausbouwen, déi sëch dru gin, fir dat ganzt Gedéngels schon nuëts ofzëbrennen. Nujo, wéi och ëmmer. Wéll a méngem Quartier leider kéen Buërgbrennen méi statt fënnt, wor ech di läscht Kéieren ëmmer an der Stad am Péitrussdall, wou dat ganzt och ë besse mi “grouss” opgezu gët, mat Reklamm an Animatioun a sou. Jhust dës Kéier leider nët, hat mer leider firun dräi Déeg iergend sou ë blöde Virus oder wat och ëmmer zou gezun. Mëttlerweil géet ët mer zwar rem gudd, mä ech hun awer besser dru gedoën, mech gudd zë versuërgen! Da muss ech alt rem véier Joër warden, wéll déen nächsten 29. Februar ass jo éischt 2008! ;)

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>