impressiounen vum kléiblad-dag

Haut wor jo, genausou wi gëscht, mol rem richtegt schéint Wiëder! D’Sonn schéngt, den Himmel ass blo an d’Temperaturen klammen iwwert 15 Grad. Endlech ass d’Fréijoër do, och wann de Wanter sëch wuël veréenzelt nach wärt zréck mellen. Datt verschiddener dat och iergendwéi spiiren, konnt éen gudd an der Stad miërken: op der Plëss souss ën Typ an huët haard “Le Lac du Connemara” (hun extra missten nokucken, wéi dat geschriwwen gët) gesongen, an de Stroossen ronderem de Knuëdler soussen Leit aus allen (wirklech allen!) Alterskatégorien einfach um Buëden, sou wi wann së gingen op enger Wiss matzen an der Pampa picknicken. Wann éen dann weider géet, begéint éen Leit, di schon hallef am Schwammkostüm douëchter laafen (hey, mir sin éischt März) an ob éemol ass éen vun enger Schoulklass ëmzingelt an ët kënnt éen nemmi weider, di ganz Szenerie begléed vun eng Marschmusék déi iergendwou am Hannergrond eppes vum Sousa spillt. Si mer nët all ë besse geckeg? Mä firwat och nët?

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>