zwiëlef stären

Als EU-Bierger begréissen ech haut di 10 nei Memberstaaten an der europäescher Unioun. Estland, Lettland, Litauen, Malta Polen, Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn, an Zypern… së all haaten hir Problemer oder hun së nach.

Ech sélwer war bis ëlo éischt an engem vun déenen “neien Länner”. Mä dat gët ët mëttlerweil och nemmi, säin Numm wor Tschechoslowakei. Dat war am Summer 1991, also kuërz nom Zësummebroch vum Ostblock. Prag wor (an ass nach) eng schéin Staad, mä ët koum éen sëch fir wi an enger aanerer Welt. Alles iergendwéi vertraut an dach war ët… doiwwer. Di aaner Säit. Déi Géigend, déi éen op der Telé jhust gesin huët, wann der versicht hun “riwwer zë maachen”, sou wéi domols an der DDR.

Dat wor dunn alles eriwwer an d’Grenzen (relativ) op. D’Staad hat ë gewësse Charme, déen éen soss nët su fënnt. Quasi ën “Touristeparadies” (Buërgbesichtegung an d’Staad sélwer) ouni di, am kapitalistesche Westen, néideg Kommerzialiséirung vun der Kultur an der Geschicht. Véier Joër duërno, wor ech nach eng Kéier do, mä dun hung op der grousser berühmtener Avenue schon eng riiseg “Coca-Cola”-reklamm. Eng Zort perséinlech “Good Bye, Lenin”.

D’Problemer di déen joorelange sowjetesche Afloss hannerlooss huët sin, nach laang nët all fort, mä zesummen kënne mer hëllefen. Ob eng schlecht Wirtschaft oder Maueren, di d’Mënschen déelen (reeller, wéi der am Kapp). Enges Daags ass dat alles Geschicht, un där mër Déel geholl an beaflosst hun. Wiën kann sëch schon an de Wée vun baal enger halwer Milliard Mënschen an zwiëlef Stären stellen?

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>