heiansdo brauch éen wéineg

Ech kucken haut am Nomëtten zur Fënster eraus an erblécksen régelrecht Niagarafäll, déi do vum Himmel erof sëch op d’Staad nidder schloën. An grad haut hun ech natierlech de Prabbeli do héem gelooss. An déenen läschten Déeg hat ech ën nämlech ëmmer mat ënnerwée, mä konnt ën ni gebrauchen, wéll ët ëmmer jhust geréent huët, wann ech entweder am Bus souss oder iergendwou ënner Dach wor.

“Okay”, duëcht ech mer, “probéier’s de haut déng Gléck rem eng Kéier” dinn d’Jackett un, an, oh Wonner, wéi ech d’firscht Dier opmaachen, hällt ët op mat Réenen. Iwwregens, villmols Merci nach eng Kéier vu ménger Säit aus.

Ech gin weider op de Bus-arrêt, an direkt kënnt schons méng Linn an dës Kéier och nach an der Gestalt vun engem vun déenen neien Brennstoffzellenbussen! An sou engem wollt ech schon mol ëmmer mat fuëren, dat wor lo di éischte Kéier, datt ech an engem souss. Mä ech hat mer dat ganzt ower komplett anescht fir gestallt. Do wor jo iwwerhaapt kéen Ënnerschéed zu déenen normalen städteschen Bussen! Ech duëcht ëmmer, do gingen d’Pneuen sëch säitlech no ënnen dréien an de Bus ën halwe Meter iwwert dem Buëdem schwiëwen. Wat eng Enttäuschung, mä alles an allem ë normalen Dag. Däer goufen ët a läschter Zäit (‘t ass Vakanz!) ë puër méi, duerfir bleiwt mäin Blog och mi roueg. Vläit ass ët och jhust eng mies Excuse fir net brauchen dran zë schreiwen? ;)

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>