advent, advent, ein lichtlein brennt…

Haut de Moien um 11 Auer ass op der Plëss an der Staad de Krëschtmaart opgaangen. An der Mëttesstonn hun ech natierlech direkt schons do ë gudde Pangesch mat Schokola giëss. Ët woren nawéll vill Leit do; datt së de Maart mi fréi wi soss opgemaat hun, schéngt ë grousse Succès gewiëscht zë sin. Ech huëlen un, datt dat och wéngst der Konkurrenz am Ausland geschidd ass (Tréier huët säin Weihnachtsmarkt schon ë Méinden opgemaat). Natierlech sin ech dunn a gudder Traditioun (maachen dat och soss d’Joër iwwer) eng Tuut gebrannten Aafenëss bei den Verkéefer, déen d’ganzt Joër och op der Plëss stéet, kaafe gaang. Hiën kruut och sou eng hëlzen Buud fir säin Stand geléint, stéet awer leider ë bessen oofsäits vum Schoss an der Montereystrooss. Vläit kann éen ën nächsten Méinden op der Telé gesinn, wéll den Marc Thoma an ë puër Polizisten stoungen do mat ëm zë diskutéiren. Ech sin nawéll ë gudde Klient vun ëm; ën hat mer eng Kéier am Géck eng “carte de fidélité” ugebuëden.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>