Ët gët vill zë feieren momentan:
Fir d’éischt wënschen ech alle Liëser ën Happy Winter-een-mas! A Gedanken dodrun hun ech grad zwou Stonnen C&C:RA2 gespillt.
Dann ass muër och nach dée berühmten Murmeldéierdag.
Fir d’Insider: dat ass di éischte Kéier, datt ech op déen Dag opmierksam maachen, wirklech!
An natierlech hoffen ech, datt der all Séissegkéeten fir mur prett hut, wéll ët ass Lichtmëssdag! Weg loosst d’Kanner d’Lidder ganz sangen; éischtens sollen së eppes duerfir dinn (verschiddener sin sou faul a kennen just den éischten Vers) an béetens sin di ganz Kléng och frou, wann së, dat Lidd wat së extra geléiert hun, och kënn duër bréngen. Desweideren gidd hinnen dach gudd Séissegkéeten: verschidde Leit méngen, datt ën Aapel oder eng Orange mi gesond wiren. Dat sin së och, mä d’Kanner sin dach enttäuscht! Éierlech, denkt Iech dach mol an hir Lag! Së kommen do mat enger Tuut fir kléng Marsriegelen dra geworf zë kréien an dann kënnt do sou ë riisegen Aapel dra geflunn! Di géet dach futti!!!!1 An den Aapel wärfen së, wann së ëm den Eck sin, souwisou wech. Grausam sin och di Bio-