erënnerungen un d’zoukonft?

Dësen Artikel handelt vun engem Experiment, dat an déenen läschte Joren duërch gefouert gouf. Zoufallszuëlengeneratoren, iwwert d’ganz Welt verdéelt, schécken hir Resultater un d’Princeton-Universitéit, fir datt së do analyséiert gin. Ë puër Stonnen kuërz firun verschiddenen Événementer, di weltwäit fir Opréegung gesuërgt, wi z. Bsp. d’Attacken op den World Trade Center den 11. September 2001 oder der Tsunamikatastroph vum läschten Dezember, goufen gewëss Anomalien festgestallt. Wëssenschaftler schwätzen dovun, datt d’Zäit eventuell an zwou Richtungen “fléisst” an ë globalt Bewosstsinn sëch also quasi un zoukünfteg Ereignisser “erënnert”.

Do gët wuël Esoterik an der Wëssenschaft salonfäheg gemaat oder kinnt do wirklech eppes drun sin? Op däer Säit kann éen sëch d’Donnéen an “Realtime” ukucken, quasi analog zur “Wettervorhersage” eng “Disastervorhersage”. Ët kann éen gespaant bleiwen, op dat da lo wirklech fonktionéiert; sou eppes kann ech éischt gléewen, wann ech ët wirklech gesinn hun.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>