wäiss a blo

Gëscht am Nomëtteg, wor ech zu Weiswampech laanscht de Séi Laanglaaf maachen. Dat war di éischte Kéier iwwerhaapt an op Schiër stoung ech och éischt zwée mol a méngem Liëwen; nämlech an der Spillschoul an op 5e, ass also schon eng Zäitchen hier ;)

Gesäit sëch einfach un an ass ët och, opmannst wann ët schéin riicht géet. Sou baal ët awer nëmmen ë besschen liicht de Bierg eroof goung, louch ech direkt bei der éischter Kéier, wi éen sou schéin op Lëtzebeurgesch séet, “op der Schnëss”. Eigentlech éier genau de Géigendéel dovun, wat ech lo och beim Sëtze spiëren. Mä ech war (hähä) net den éenzegen. Op enger bestëmmter Plaaz, wou jidderéen huët misse laanscht, ass och baal jidderéen getrollt, ausser natierlech d’Vollprofi’en, déenen éen ët ugesinn, huët, datt mir Läppecher së just gingen hënneren. Nujo, dée kléngen Tour ronderem de Séi wor séier riwwer an war guër net sou schlëmme, wi éen dat am Ufank geduëcht haat, mä leider och net sou einfach. Also, avis aux amateurs! Lo läit de Schnéi nach gudd do “uawen” an wiën wées, op mer ës nach dëst Joër kréien!

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>