eene, meene, muh…

Lëtzebuerg géet jo ëmmer gär mat déene grousse Muppe pissen, mä kritt d’Béen einfach net héich genuch gehuëwen. Lo hätten së eng Chance gehaat, fir zë weisen, datt së d’EU-Présidence notzen, fir sëch als richtegen Europäer kënnen duër zë stellen an dann loossen së sëch vun amerikaneschen Neokapitalisten rem aschüchteren. Während ech de Nomëtten mam Auto am Schnéi fest hung (ë Bauer mam Trakter huët mech eraus gezun, nach eng Kéier villmols Merci!), gouf am EU-rot ë sougenannten “A-Punkt” iwwert d’Aféiren vun Softwarepatenter (bestinn momentan ënner anerem an den USA an a Japan) oofgeséejent. Domat kinnten di amerikanesch Softwarefirmen di kléng europäesch Betriiber platt maachen, wéll dës missten Lizenzen fir Softwaremodeller an -iddien (z. Bsp. wann éen mat der Maus klickt) bezuëlen. Dëse Punkt gouf ënner aanerem och vun den Irlänner op d’Dagesuërdnung gesaat. Iwwregens huët Microsoft an Irland säin europäesche Sëtz an ass domat dée gréissten irlänneschen Steierbezuëler, just niëwebäi gesoot.

Gottseidank ass awer nach net dat läschtent Wuërt geschwaat, wéll di ganz Direktiv nach duërch d’Parlament muss. Weider Informatiounen fënnt éen ënnert dësem Artikel. Affaire à suivre!

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>