Archive for April, 2005

fir di kleng an di grouss

Saturday, April 30th, 2005

Di meescht vun eis (domat mengen ech d’Menschen am Allgeméngen) wärte wuël eng Kéier an di Situatioun kommen (oder si schon dran), mussen op Kanner opzëpassen. Siëf dat, datt ët di eegen sinn oder friëmer oder soss iergendwéi. Och wann een mat der Zäit méi Erfahrung dra kann kréien, ass
Kannererzéihung ëmmer en schwieregt Thema. Fir mat gläichgesënnten doriwwer zë diskutéiren, gett ët dee Site eiskanner.lu. Mat Beschreiwungen vun Alldagsproblemer, engem Forum, engem Babysittingservice an Linken zum Thema, kann dës Säit eng Hëllef fir all Interesséierten sinn.
Link

wuërzelen

Friday, April 29th, 2005

Wouhir komme mer? Wiën si mer? Dat sinn di grouss Froën, di wuël jiddereen sëch schon eng Kéier gestallt huët. Eng kengeswegs philosophesch Approche geet do roots.lu, eng Säit di vun lëtzebuerger Genealogen opgestallt gouf an op däer een kann an honnerten vun Joren un Familjendonnéen stöberen.
Link

wuff wau

Thursday, April 28th, 2005

D’Muppefannen wärten op wizardscastle.lu op hir Käschte kommen, besonnesch wann ët ëm Collien geet, wéll vun dësen Hënn handelt de Site. Onmengen vun Photoën an Informatiounen zu hire Schützlingen, hunn eng Reih vun Collie-besëtzer hei zësumme gestallt.
Link

Virtuellt Experiment?

Wednesday, April 27th, 2005

Tjo, do huët een sëch ën .lu-Domainnumm geléescht an dann wees een net, wat een soll op de Site drop setzen. benem.lu ass do nach eng vun deenen méi "sënnvollen" Méiglechkeeten fir Inhalt zë simuléiren, ginn d’Visiteuren dach dozou opgefuërdert, dësen sélwer mat zë bréngen, an deem’s së sech kënnen an enger Zort Guestbook veréiwegen. Net, datt dat, wat do sou hannerlooss gett, immens interessant wär oder zu engem bestëmmten Thema ging gehéiren. Nee, do geet ët queesch duërch de Gaart, do schreiwen Bekannter vum Webmaster an Leit, di sëch duërch Zoufall dohinn verirrt hun, wi Däitscher di d’Sprooch net verstinn an lëtzebuergesch fir hollännesch haalen. Ass net immens originell, mä ower méi ënnerhaalend wi eng "Under Construction"-Animatioun ouni soss eppes.
Link

Roger, 10-4

Tuesday, April 26th, 2005

Lëtzebuerg huët jo bekanntlech ë Flughafen, anzwar um Findel. Wien sëch schon ëmmer fir di Aufgaben, di ooflaafen, interesséiert huët, fënnt um Site vun der lëtzebuerger Guilde vun den Lofttraffikkontrolleren (wat ee Wuërt!) eng flott Sammlung un Informatiounen iwwert deen Beruff, mä Biller, Video an Téin vum Tower an dem ganzen Flughafen.
Link

Deckelsmouken

Monday, April 25th, 2005

Eng interessant Säit fir Schildkrötenziichter ass deckelsmouk.net. Ët ginn do masseg Informatiounen ronderem d’Zuucht vun deenen posséierlechen Déiecher an ë Forum, wou een kann seng Froën stellen. En plus, kann een nach seng eegen Annoncen uginn, ët gett eng Linksammlung zum Thema a fir registréiert Memberen (wat gratis ass) eng Fotogalerie.
Link

Äiskaal

Sunday, April 24th, 2005

An der Antarktis ass firun ë puër Joren ën Äisbierg sou grouss wi Lëtzebuerg vum Festland ofgebrach an huët d’Ëmweltbedéngungen fir Mënschen an Déiren do ënnen drastesch verännert; ënner aanerem koumen d’Pinguinen nemmi bis un d’Miër erun. Dëst riisegt Äisstéck drift lo bis an d’Miër eraus. Forscher huëlen un, datt sou eppes an Zoukonft mi oft wärt geschéien; d’Kaarten vum Südpol wärten also mi oft mussen frësch gezéechent ginn.
Link

Bei et Kaffi Minutt sin. Main sëtzen d’Hiezer mat op. Haut keng.

Saturday, April 23rd, 2005

Op ët drems geet, fir den Layout vun enger neier Websäit zë testen oder fir eng Dokterarbescht op der Uni voll zë kréien, mat dësen "Lorem Ipsum"-Generator ass dat kee Problem méi. “Lorem Ipsum”-Texter goufen ursprünglech als Plaatzhaaler fir am Print-Beräich erschaaf, mä hun mat der Verbréedung vum Internet eng Renaissance erliëwt. Als Bonus: desen Generator fonktionéiert souguër op Lëtzebeurgesch!
Link

Wibbel, wibbel…

Friday, April 22nd, 2005

Och wann Ärdbiëwen an eiser Géigend net immens oft virkommen, ass dës Kaart vum amerikaneschen "Seismic Monitor" dach zimlech interessant. Wann een op Europa klickt, kritt een eng Kaart mat europäeschen seismologeschen Statiounen, ënnert deenen sëch och déi vun Walfer befënnt. D’Haaptkaart weist di momentan Biëwen op der ganzer Welt un a gett all hallef Stonn akualiséiert!
Link

Wikimania

Thursday, April 21st, 2005

Online-Diktionnären oder Enzyklopedien ginn ët der genuch, mä keng ass sou wi d’Wikipedia. An dëser riiseger, fräier Enzyklopedie fënnt een net nëmmen baal alles, wat een iergendwann eng Kéier sicht. Neen, ët kann een och nach sélwer Artikelen verbesseren oder dobäi setzen. Dësen internationalen Projet huët mëttlerweil iwwert ë puër honnert dausend Artikelen an existéiert an zëg verschiddene Sproochen. Di lëtzebuergesch Versioun steet do mat hiren, momentan, iwwert 3700 Artikelen mol guër net sou schlecht do!
Link