Di wéinegst vun eis wärten an der Schoul oder soss wou geléiert hunn, richteg Lëtzebuergesch zë schreiwen. An, obwuël zënter Jorzéngten gefuërdert, gett ët an der Schoul nach ëmmer kee richtegen Lëtzebuergesch-Unterrecht. Dowéinst extra an ë Cours zë goën, kënnen sëch och di mannst leeschten,mä duerfir gett ët um Internet Ofhëllef: de CORTINA-Projet. Leider schéngt dëse Projet sëch fest gefuër ze hunn, well ë gouf schon zënter 2003 nemmi aktualiséiert. Mä Gottseidank änneren d’Schreifregelen jo net sou oft. D’Säit ass leider zimlech oniwwersichtlech an extrem irreféierend erstallt, sou datt een net wees, wat een do wou fënnt. Dat interessantestent ass nach den "Online-Spellchecker", deen een bei den démonstrateurs fënnt. Einfach ë Wuërd oder ë Saatz antippen, ë bessen waarden an ët kritt een Propositiounen zu Verbesserong ugewisen. Ët gett soguër ën Spellchecker fir verschidden Textverarbeschtungen eerof zë luëden, mä opmannst di Versioun fir Microsoft Word ass net zë gebrauchen a fonktionéiert extrem schlecht. Mä wee wees, vläit gett de Projet jo iergendwann nach eng Kéier rem weider geféiert.
Link
-
Archives
- September 2016
- October 2015
- January 2015
- December 2014
- November 2014
- October 2013
- August 2013
- April 2013
- February 2013
- November 2012
- October 2012
- March 2012
- January 2012
- December 2011
- September 2011
- June 2011
- December 2010
- August 2010
- July 2010
- June 2010
- May 2010
- April 2010
- February 2010
- January 2010
- October 2009
- September 2009
- August 2009
- July 2009
- May 2009
- March 2009
- February 2009
- January 2009
- December 2008
- November 2008
- October 2008
- September 2008
- August 2008
- June 2008
- May 2008
- April 2008
- March 2008
- February 2008
- January 2008
- December 2007
- November 2007
- October 2007
- September 2007
- August 2007
- July 2007
- June 2007
- May 2007
- April 2007
- March 2007
- February 2007
- January 2007
- December 2006
- November 2006
- October 2006
- September 2006
- August 2006
- July 2006
- June 2006
- May 2006
- April 2006
- March 2006
- February 2006
- January 2006
- December 2005
- November 2005
- October 2005
- September 2005
- August 2005
- July 2005
- June 2005
- May 2005
- April 2005
- March 2005
- February 2005
- January 2005
- December 2004
- November 2004
- October 2004
- September 2004
- August 2004
- July 2004
- June 2004
- May 2004
- March 2004
- February 2004
- January 2004
- December 2003
- November 2003
- September 2003
- August 2003
-
Meta
E gudden Ufank ass schonn mol eis Rechtschreifreform vun 1999. Dat fënnt sech am Mémorial.
De Projet C.ORT.IN.A ass am September2002 agestallt ginn.
D’Wierderlëscht hat ech nach op 125.000 Wuertforme_ vergréissert krut. Dono duerft ech apaken an och déi 2-3 Informatiker vum Projet kruten hire Kontrakt net verlängert. Firwat?
Vläit war et einfach nach net un der Zäit, fir datt d’Lëtzebuergescht een 100% Spellchecker kritt?
Ma lo ass et un Iech jonke Lëtzebuerger d’Relève ze huelen an dobäi wënschen ech Iech vill Ausdauer a Gedold :o)
http://www.JeromeLulling.com
Pingback: egalwaat.lu: just read it » Blog Archive » richteg lëtzebuergesch schreiwen
Do war dach mol rieds vun engem Sponsoring durchz Microsoft Letzeburg an sou e Projet.
Ass do rem bei Null ugefange gin ? Get lo awer nees un Cortina geschafft?
Oder ass och de Microsoft Projet nemmen a Sachen Public Relations gelaf?
Ausserdem, hun ech héiren d’Journalisten vun RTL giffe mat engem Letzeburger Spellchecker schaffen. Dé wir RTL zwar nach net gudd genuch fir ze publizéiren.
Ma dat alles zesummen ass dach e gudden Ufank fir dass – zesummen mat e Pur Frang vum Bill GAtes an engem klengen Effort vun der Regierung eppes konkretes giff gemach gin. Wann een bedenkt wivill Suen z.B. an den Geheimsender 100,7 gestach gin mat dem selwechten Ziel!