Eng interessant Säit fir Schildkrötenziichter ass deckelsmouk.net. Ët ginn do masseg Informatiounen ronderem d’Zuucht vun deenen posséierlechen Déiecher an ë Forum, wou een kann seng Froën stellen. En plus, kann een nach seng eegen Annoncen uginn, ët gett eng Linksammlung zum Thema a fir registréiert Memberen (wat gratis ass) eng Fotogalerie.
Link
Mengen daat Bild am Text zerschéisst der dain Layout ;) Den Menu as ganz no ennen gerutscht.
An as et normal, dass een “This entry was posted on [...] or trackback from your own site. ” bei der Commentfunktioun, an d’Beschreftung niewt den Textfelder su kleng as, dass een se quasi net gelies kritt? ;)
Oh Mamm, dat hat ech jo nach guer net gesinn! Mä dorun ass just dee blöden Internet Explorer schold, de Firefox huët kee Problem domat. Ët läit och net un de Biller, mä dorun, datt eng URL bei den Zoufallslinken sou laang ass, dat së aus dem Feld eraus geet. Dat mam klengen Text kann vläit dorun leien, datt deng Standardgréisst mi kléng agestallt ass, mä ech kucken do mol no.
Daat mat der Standardgréisst as et net, daat hune ch schon probéIert ;)