Tjo, do huët een sëch ën .lu-Domainnumm geléescht an dann wees een net, wat een soll op de Site drop setzen. benem.lu ass do nach eng vun deenen méi "sënnvollen" Méiglechkeeten fir Inhalt zë simuléiren, ginn d’Visiteuren dach dozou opgefuërdert, dësen sélwer mat zë bréngen, an deem’s së sech kënnen an enger Zort Guestbook veréiwegen. Net, datt dat, wat do sou hannerlooss gett, immens interessant wär oder zu engem bestëmmten Thema ging gehéiren. Nee, do geet ët queesch duërch de Gaart, do schreiwen Bekannter vum Webmaster an Leit, di sëch duërch Zoufall dohinn verirrt hun, wi Däitscher di d’Sprooch net verstinn an lëtzebuergesch fir hollännesch haalen. Ass net immens originell, mä ower méi ënnerhaalend wi eng "Under Construction"-Animatioun ouni soss eppes.
Link
Dichteg. Ech hätt sollten als éischt ausprobéiren, ob dee Site iwwerhaapt fonktionéiert. Ech kréien zumindestens näischt dohinn geschriwwen.
also bei mir klappt et :P
Merci awer, dass ech hei erwähnt gin ;)
Wann ech versichen eppes oof zë schécken, kënnt di immens hëllefräich Fehlermeldung:
Hmmm…irgendwas stimmt nich, auf jedenfall wurde dein Eintrag nicht eingetragen. Aber ich hab keine Ahnung wieso nich :/
Fehler:Duplicate entry ‘127′ for key 1
hmm tatsächlech…waat as dann lo do futti ;) wart kucken mol
sou, hei senn ech rem ;) an lo geet et rem.
Haat TINYINT als Field-Typ vun der id-Spalt an der MySQL-DB uginn an bei dem Typ senn anscheinend nemmen Zuelen bis 127 erlaabt xD
(waat en coolen Saatz ;) )
v4 kennt, wann ech engker zevill Zait, Loscht, an virun allem eng Iddi hun ;)