Ën interessanten Projet ass Queesch.lu. Ë Magazin (existéiert och an enger Printversioun) deen iwwert Konscht an hiren Afloss op eis Gesellschaft berichte wëll.
Link
Archive for May, 2005
schiif
Tuesday, May 31st, 2005gepixels
Monday, May 30th, 2005Eng Plattform fir jonk lëtzebuergesch Phototalenter ass photon.lu Bis ëlo sin 12 Photographen ageschriwwen a presentéiren sëch an hir Wiërker. Dobäi sin nawell duërchaus interessant Schnappschëss oder richteg an Szene gesaaten Biller zë bewonneren.
Link
einfach normal
Sunday, May 29th, 2005An der Kategorie “Perséinlech Säiten”, stëcht normal.lu gudd eraus. Schéinen Design, mä einfach an fonktionell gehaal, mat Inhalt gefëllt, je, sou sollt eng Säit vun engem Grupp Kollegen sin. Dat ganzt ass dann awer vläit just fir hir Frënn interessant, mä den Internet weist jo jidderengem alles.
Link
büffelen
Saturday, May 28th, 2005Fir d’Premièren wir ët lo souwisou scho baal zë spéit, mä aaner Klassen kënnen sëch mol op physique.lu ëm kucken. Do ginn ët di verschidden Matièren aus dem Physiquesfach als PDf-Dateien erof zë luëden. Plus ë puer kleng Experimenter an ë net immens vill frequentéierten Forum.
Link
…an ë grousse sprong fir d’mënschheet
Friday, May 27th, 2005Wann alleguër d’Mënschen op der Welt gingen gläichzäiteg an d’Luut sprangen, kinnt sëch theoretesch d’Ëmlaafbunn vun der Ärd verreckelen. Dat hun Wëssenschaftler vun der Uni München eraus fonnt. WorldJumpDay versicht dësen weltbewegenden Sprong fir den 20. Juli 2006 zë préparéiren. Um 12 Auer, 39 Minutten an 13 Sekonnen, fir genee zë sin. Avis aux amateurs!
Link
an d’pompel net vergiëssen
Thursday, May 26th, 2005Bei deem schéine Wiëder, dat lo dobaussen herrscht, wir ët dach mol rem eng Iddi fir de Velo eraus zë huëlen an ë kléngen Tiirchen zë dréien. De Site vun der “Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ” kann dobäi vläit hëllefen.
Link
blo a gring
Wednesday, May 25th, 2005WorldWind ass ë Programm vun der amerikanescher NASA, deen sëch jiddereen kann gratis erof luëden (opgepasst, sinn ë puër 100 MB!) a mat deem een kann ë Model vun der Ärd kucken. Am Kloërtext heescht dat, datt een kann op all Plaaz op der Welt zoomen an ët kritt een Satellitefotoën presentéiert. An, wat baal net zë gleewen ass, ënnert all de Sproochen, di een am Programm kann auswiëlen, ass souguër “Lëtzeboiesch” dobäi! Merci NASA!
Link
The Interpreter
Wednesday, May 25th, 2005
Being alone in her United Nations sound booth after hours, interpreter Sylvia Broome (Nicole Kidman) overhears an assassination plot that puts despotic African leader and president of the Republic of Matobo Edmund Zuwanie’s life in jeopardy. After reporting that the assassination will take place during Zuwanie’s speech at UN headquarters in New York City, the secret service around Tobin Keller (Sean Penn) begins its investigation. Discovering that Sylvia herself is from Matobo, her parents and sister killed by one of Zuwanie’s land mines and she being one of only eight people in the US able to understand Matobo’s tribal dialect inevitably puts her on the suspect list. As the plot develops, dramatic confrontations ensue, a platonic love grows and a conspiracy theory unfolds while the audience is riveted to their seats and begins to question Sylvia’s integrity and real motivation.
After The Firm and Three Days of the Condor, Sydney Pollack, the master of the political thriller, delivers yet another at-the-edge-of-your-seat experience. Thanks to a close friendship with Kofi Annan, Pollack was the first director allowed to shoot inside UN headquarters on New York City’s East River (in the United Nations General Assembly as well as in the Security Council buildings). With fascinating in and outside shots of the UN building, captivating aerial shots of New York and interesting characters played by two of today’s most critically acclaimed actors (Kidman and Penn), the movie convinces both plot-wise and technically. With a slightly disappointing ending the movie unfortunately doesn’t conclude with the brilliancy of its first half. With its old-school feeling The Interpreter is nevertheless a welcome change in the era of modern film-making. Go see it before you indulge yourself in not so demanding flicks when the summer movie season officially begins.
liësraaten
Tuesday, May 24th, 2005Wat wär eis Welt haut ouni d’Bicher? Zënter iwwer dausend Joër ass dat geschriwwent, an och spéider dat gedrécktend Buch, Vermëttler vun Wëssen, de Motor vun eiser Gesellschaft. Och wann den Internet mat senger direkter Iwwerdroung vun Texter ëm luës de Rang oofleeft, kann näischt d’Buch ersetzen an wärt och an Zoukonft ën héich geschätzten Medium bleiwen. Duerfir wärten besonnesch Bibliothekaren sëch asetzen an där ginn ët der hei net wéineg.
Link
humor ass, wann net jhiddereen laacht
Monday, May 23rd, 2005Eng "extrem" "witzeg" Säit ass comedy.lu. Dëse Site, an "schéinen" grelle Faarwen an "dezent" mat Reklammen "dekoréiert", "quëllt" nëmmen sou iwwer vun "Humor". "Professionnel" erstallt beweist dës Homepage vun engem lëtzebuerger "Komiker"-duo, datt och hei zu Lëtzebuerg "Comedy" "grouss" geschriwwe gett. *schudder*
Link
