Firun enger Zäitchen goufen hei ë puër Rapper-tëschent-Guillemet-Säiten virgestallt. Ech mengen, do hätt een kinnten direkt eng nei Kategorie doriwwer opmaachen, well lo huët den “fonky jerome” sëch hei mat engem Kommentar veréiwegt. Kanner, miërkt der dann net, datt iech keen ka sériö huëlen, wann der een op “Stroossegangster” maacht? Hei zu Lëtzebuerg? Do kënnt dir iech nach de ganzen Dag firun d’Staater Gare stellen oder um Aldringer erëm lungeren, sou wi dat an all deenen Videoclippen vum “Puff-pappa” an “50 Su” ausgesäit, ass och just nogestallt.
Link
Update: anscheinend ass de Site flöte gaang, wéll party.lu négéiert seng Existenz. Geet anscheinend rem.