Websäiten haalen Texter fest, den Chat dogéint ass méi wi ë Gespréich; ausser an Logdateien bleiwt näischt méi dovun iwwreg. Ausser natierlech op Zitatensammlungen wi bash.lu. Wéi hir grouss Schwësteren bash.org an german-bash.org versicht dës Säit di witzeg oder erënnerungswärt Ideeëwiësselen aus dem IRC (Internet Relay Chat) zë konservéiren. Am Géigesaatz zu den méi internationelen Siten, geléngt dat awer just deelweis. Mä wiën mat der Qualitéit net zëfridden ass, kann jo sélwer “Quotes”, also Zitater dohinn schreiwen.
Link