di siwent konscht

D’Internet Movie Database diërft deenen meeschten Filmfannen net onbekannt sin. Bal all Film, deen op Welt existéiert, ass do agedroën; dat gëllt natierlech och fir di lëtzebuergesch Wiërker. A well een do sou schéin allméiglechen Kritèren siche kann, kënnt hei de Link op eng Säit wou aktuell schon 173 Filmer di entweder zu Lëtzebuerg gedréint goufen, gemolt, produzéiert oder soss iergend ën Rapport mam Land hun. Ët ass nawell interessant eng Kéier doduërch zë bliëderen an zë kucken, wéi eng Filmer een kennt oder schon gesin huët. Ween kennt di meeschten? Schreiwt är Äntwert einfach als Kommentar hei drënner!
Link

This entry was posted in Entertainment, Kultur, News. Bookmark the permalink.

One Response to di siwent konscht

  1. pa says:

    Ech hätt vläit net sou deck solle schnëssen; ech hun éischt 10 Andreeg vun der Lëscht gesinn an dobäi sin och gewëss TV-Produktiounen dobäi. Do hun ech jo nach vill nozëhuëlen. Erënnert een sëch eigentlech un di Zeechentrickserie “Les Mystérieuses Cités d’Or”? Als Kand hun ech di um lëtzebuergeschen RTL gekuckt, ass mengen ech, ëmmer no den Noriichten komm. Hat vun där lo firun ë puër Deeg beim Zappen di läscht 5 Minutten erwëscht an missen drun denken. Komeschen Zoufall…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>