Archive for July, 2005

méi wi just ee plang?

Sunday, July 31st, 2005

Scho firun Joren si mer an der Staad di comichaft Pläng vun ganze Quartieren mat hiren Geschäfter opgefall. U sëch geduëcht fir Reklamm zë maachen, mä drop ronderem fanne konnt een sëch net; duerfir woren së zë onprezis (ganz Strossen hun quarément gefehlt) an oniwwersiichtlech. Lo si së rem an enger neier Versioun opgedaucht. Ech duëcht, di wiren vun engem lokalen Interesseverband oder ähnlechem eraus bruëcht, mä wäit gefehlt! Tatsächlech ass eng Firma mam Numm “Life Power Luxembourg” duërfir verantwortlech a wéi een um Link (Enn vum Artikel) ka gesin, ass dat eng Duëchterfirma vun der amerikanescher Scientology-Sekt, déi och hei zu Lëtzebuerg Fouss gefaasst huët. Ët sollt een also léiwer gudd oppassen, wann een sëch op Pläng aus solchen zwielichtegen Quellenverléisst.
Link

rem musek

Saturday, July 30th, 2005

Rem eng vun deenen onsëllegen Säiten/Portaler zur Musekswelt ass Concertnews. Anscheinend kritt een do Ticketen fir Koncerten zu Lëtzebuerg a Frankräich, Belsch an Däitschland. Ët kann een së souguër online bestellen.
Link

schlemmen

Friday, July 29th, 2005

Pünktlech fir de Weekend ass de Site vum Dag rem eng Säit iwwert di lëtzebuerger Gastronomie. Op gastronomie.lu fënnt een eng Onmass un lëtzebuerger Restauranten, all zortéiert no bestëmmten Kategorien wi der Uërtschaft oder dem Iëssen. Leider ass dee Site technesch gesin relativ schlecht erstallt an duerfir net vun jidderengem zë benotzen. Op een sou Klienten kann ulackelen?
Link

gedanken a geschichten

Thursday, July 28th, 2005

De Podcasting ass nach eng éischter nei Form vun der Kommunikatioun, eng Kräizung tëschent Weblog a Radio. Einfach gesot, sin ët just eng Reih vun Audiodateien (MP3) di een sëch kann op säin mobilen MP3-Player luëden an dann quasi ënnerwi wi Radio lauschteren. Speziell Programmer luëden automatesch nei Sendungen erof an iwwerdroën së op de mobilen Apparat.

Deen éischten Podcast iwwert Lëtzebuerg (opmannst deen eenzegen, deen ech fonnt hun) existéiert och schon an zwar heescht ën "GuG – Gedanken und Geschichten aus Luxemburg". Pit, mach weider sou!
Link (podcast)

Fantastic Four

Wednesday, July 27th, 2005

Fantastic Four Prepare for the fantastic.

The Fantastic Four were Marvel’s first comic book heroes and it is quite astonishing that they have not hit the big screen long before. The movie is essentially an introductory tale showing the metamorphosis of four scientists (a knockout Jessica Alba, the Shield’s Michael Chiklis, Ioan Gruffudd and Chris Evans) into the popular crime-fighting quartet. While in outer space and conducting experiments on fellow-scientist Victor Von Doom’s (Nip/Tuck’s Julian McMahon) space station the four soon-to-be heroes get hit by a cosmic storm, leaving them with altered DNA and unique powers that reach from invisibility, catching fire and being indestructible to extreme elasticity. After an exciting rescue scene on New York’s Brooklyn Bridge the fantastic bunch and their superpowers are exposed to the media and their secret is revealed to the world. The Fantastic Four are born.

After the amazing Batman Begins this is already the second comic book adaptation this season. Obviously different from the latest Batman flick, The Fantastic Four is a light-hearted and some might even say simplistic take on the superhero genre. However, this ’simplicity’ plays a big part in the original comic books and is also part of the appeal of the four unlike heroes because after all their powers are no secret and their identities are public knowledge. That being said, The Fantastic Four still sports some major flaws. The story feels flat and uninspired, the acting seems awkward at times and the abrupt and rather unspectacular ending was quite unsatisfying. After all this first story about the superhero A-Team is a by the numbers summer blockbuster, with a good marketing campaign, great special effects and the notorious one-liners. Before you buy your ticket just think about this for a second: What kind of movie casts Jessica Alba and then makes her invisible half the time? Come on!

Not that fantastic. (2 out of 4 things)

d’welt ass kleng

Wednesday, July 27th, 2005

Wat kennt den Duërchschnëttsamerikaner vun Lëtzebuerg? Dat kann een an dësem Forum noliësen, wou iwwert eng satiresch Meldung, datt d’USA 2003 fir haaten, Lëtzebuerg z’invadéiren, diskutéiert gett.
Link

wiën wor dann alles hei?

Tuesday, July 26th, 2005

Wuël jiddereen, deen eng Websäit séng eegen nennt, ass och dorun interesséiert, wiën dann sou alles laanscht kucke kënnt. Luxstats ass ë klengen Service, deen engem gratis Statistiken iwwert de Site kann liwweren.
Link

hei hi lackelen

Monday, July 25th, 2005

Fir den Lëtzebuerger sélwer vläit éischter oninteressant, mä ën auslänneschen Tourist kann op “VisitLuxembourg” vum ONT interessant Informatiounen iwwert di bekanntesten Touristenatraktiounen gewuër gin.
Link

keng ahnung

Sunday, July 24th, 2005

Duërch Zoufall sin ech op dësen Site getraff. U sëch weess ech net, wat een kinnt doriwwer schreiwen, sou grouss ass ën och net an schéngt och just ë klengen privaten Site vun iergend welchen Kollegen zë sin, di alt "hir Saachen" wëllen online stellen. Mä dat ass jo egal…
Link

menu du jour

Saturday, July 23rd, 2005

Ween keng Ahnung huët, wou ë soll an der Mëttesstonn iësse goën, dee ka jo mol op menu.lu laanscht luussen. Eng ganz Reih vun Restauranter a soss iergendwéi Iëssenbetriiber stellen do hiren aktuellen Menu vum Dag aus. Gudden Appetit!
Link