D’nächst Woch (Mëttwochs, den 6. Juli 2005) gett am europäeschen Parlament doriwwer décidéiert, op an der EU Patenter op Software (Computerprogrammer) nom amerikaneschem Virbild sollen ageféiert gin. Ët existéirt beräits eng Onmass vun Patenter, meeschtens vun groussen internationalen (amerikaneschen) Firmen registréiert, di ower bis ëlo nach keng juristesch Auswirkungen hun.
Am Kloërtext: all méiglech banal Elementer (Mausklick, ë Bild op enger Websäit weisen, eng Progressbar fir zë weisen op ë Programm mat enger Aktioun färdeg ass, etc…) sinn momentan schon patentéiert. Wann dës EU-Direktiv ugeholl gett, kënnen Microsoft & Co all di kleng Softwarefirmen oder privat Entweckler verkloën, sou datt si härno nach just di eenzeg sinn, di um Marché iwwreg bleiwen.
Als Beispill: dës Websäit benotzt de Programm “WordPress“. Eng fräi Software, di vun Fräiwëllegen entweckelt gett an gratis benotzt kann gin. Wann lo nëmmen ee klengen Deel dovun duërch ë Patent vun enger grousser Softwarefirma beluëcht gett, ass ët aus mam fräien Weiderentweckelen. An ët geet nach vill mi wäit. Desen Beispills-webshop weist, wat och deenen kommerziellen Säiten wärt bléien, sollt ët souwäit kommen. D’Lobby vun den Patenter-befirwiërder ass schon mächteg am Gaang zu Bréissel d’Parlamentarier zë “kaafen”, an deem’s së hinne all méiglech Lijhen erziëlen. Si kënnen sëch grouss Marketingstrategien leeschten, wéll së d’Geld duerfir hun. De klengen Software-entweckler vun der Strooss, ëm deen ët seng Zoukonft geet, kann géint sou eppes nu ukommen.
Di lëtzebuergesch Rotspresidentschaft wor an deem Kontext zimlech parteiesch an huët sëch op d’Säit vun deenen groussen Firmen geschlo an d’Direktive gréisstendeels, géint de massiven Widerstand vun enger Rei Länner wi Polen an Dänemark, duërchgeboxt. Di läscht Méiglechkeet, dat zë verhënneren, ass just nach ë Mëttwoch. Sollt Dir am Parlament sëtzen oder een dovun kennen, dann weist hinnen weg dës Säit an sot hinnen, së sollten sëch do mol ukucken, wéivill Leit sëch fir di Demonstratiounen engagéiert hun an sëch dat ganztnach eng Kéire iwwerleeën.
Link
“De klengen Software-entweckler vun der Strooss, [...]”
vun der Strooss? Häh? ;)
Een vun der Stroos huet IMHO keng Méiglechkeeten fir Software ze entweckelen, oder? ;)
E Last-Minute-Don un den FFII ass wuel och keng schlecht Iddi. Et woar wierklech traureg ze gesinn wéi eis Regierung Amazon, Microsoft an Apple (déi jo all zu .lu aktiv sinn) an den A**** gekroch ass :-( Dat ass da wuel en Deel vun hirem Engagement grouss Firmen am “New Technologies
Pingback: egalwaat.lu - Interessantes, Witzeges, Komesches... » Blog Archive » demokratie