an wéi enger verfaassung ass europa?

Den Zäitpunkt vum Referendum iwwert d’EU-Konstitutioun reckelt ëmmer mi no; an enger Woch ass ët schons eriwwer! Di meescht wärten sëch souwisou froën, ob dat ganzt dann lo nach eppes ännere wärt, wou Frankräich an Holland dach schon mat Neen gestëmmt hunn. Am Fong geholl diërft ët dat jo net, wann d’Politiker sëch gingen un dat haalen, wat së gesot hun; wärten eis grouss Nopeschlänneriwwerhaapt op eis lauschteren?

Datt mer awer "richteg" mussen oofstëmmen, dat behaapten opmannst eis Lokalpolitiker an all di Medien, di sëch zuhinnen zou gezun fillen. Ët vergeet keng Minutt, datt een näischt iwwert de Referendum um Radio héiert, op der Telé gesäit oder op der Strooss ë Schëld am Wee steet, deen engem wëll weisen, datt een jo souwisou näischt käppéiert huët an een misst mat "Jo", "Neen" oder "rosa Gummibärecher" äntweren. Hun d’Politiker wirklech sou vill Angscht firum Vollek, datt dat sélwecht net sou wärt decidéiren, wi si dat gären hätten? Nodeems dës läscht hei ë Link zu enger Pro-Konstitutioun-Säit wor, ass deen heitegen aus deem aaneren Lager. Fir datt sëch jiddereen seng eegen Meenung ka bilden an ëmmer drun denken: eppes aaneschteres wi Propaganda gett ët an der politescher Reklamm net. (Wat ëmmer dat och heesche soll…)
Link

This entry was posted in News. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>