Wéi d’läscht Woch hei schon stoung, wor haut am europäeschen Parlament zu Stroossbuerg d’Décisioun iwwert d’Unhuëlen vun enger Riichtlinn iwwert europäesch Softwarepatenter. Déi gouf vun 648 Parlamentarier vun 732 net ugeholl, wat ën eendeitegt Ergebnis ass. Bedanken därf een sëch bei deenen verschiddenen Lobbyen, wi der Foundation for a Free Information Infrastructure an der Free Software Foundation Europe, di an deenen Wochen firdrun grouss Iwwerzeegunsarbecht geleescht hun, den Milliounen schwéiren Marketingkampagnen vun den multinationalen Firmen zum Trotz. Bravo, maacht weider sou!
Link