Ouni lo hei Schleichwerbung zë maachen: d’Minettsdäpp vun Battin haaten do nawell eng gudd Iddi, hire Béier an der Staad rem sou auszëliwweren wi nach firun 50 Joër. Opmannst d’Touriste sin begéeschtert. Wann een eppes méi zum Term “Rullefax” (d’Béierkutsch) weess, soll ën dat hei hi schreiwen; souguër Google kennt näischt dozou.
Update: engem Artikel am Wort vum 20.7.2005 no, heescht dee Service “Rollefax”.
Wow, dat do ass effektiv mol eng flott Iddi. Mee „Rullefax
Battin as sws deen beschten letz. Béier ;)
Ganz hannen op der Kutsch ass iwwregens eng portabel “Refrigeratiounseenheet”, fir datt d’Fässer gudd gekillt gin ;)
do as och eng Zaapanlag mat drop wann ech mech net iiren, haat den Won Nationalfeierdag an dem Faackelzuch do gesin mengen ech ;)
Duërch ën Zoufall hun ech éischt haut am Wort vun ë Mëttwoch ën Artikel iwwert di “Rollefaxen” geliës. Zoufall, ech schwiëren ët!
Nach méi Zoufall: am Staater Cercle leeft grad eng Fotosausstellung iwwert d’Mobilitéit an der Staad an do sin och Fotoën vun den Rollefäx dobäi. Méi Liëwen laang ni eppes dovun héiren a lo opeemol souvill dovun.