museksweltmeeschterschaft

All véier Joër gett an Holland zu Kerkrade den World Music Contest (WMC) oofgehaalen, den gréissten Concours op der Welt fir Museksgesellschaften (Fanfaren, Harmonien a Brass Bands). Zënter 1962 wor dëst Kéier rem fir d’éischt eng lëtzebuerger Museksgesellschaft dobäi, nämlech d’Bouneweger Musek an dat den 15. Juli. Së huët an der 1. Divisioun Deel geholl an dobäi eng Goldmedaill gewonn. Bravo!
Link

This entry was posted in Entertainment, Kultur, News. Bookmark the permalink.

One Response to museksweltmeeschterschaft

  1. pa says:

    Mäin “Bravo” ass natierlech net ganz onparteiesch, wéll ech sélwer dobäi war ;)

    Wann een sëch d’Resultater vun den Fanfaren ukuckt, miërkt een, datt d’Konkurrenz just aus der Belsch an aus Holland koum. Dat läit natierlech zu engem Deel dorun, datt ët fir déi mi einfach ass, dohin zë reesen, wi lo eng Band aus Neiséiland (däer war trotzdem och eng do!) an aanerersäits existéiren Fanfaren gréisstendeels am Beneluxraum, der Schwäiz an a Japan, wann ech mech net iëren.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>