D’nächst Woch ass ë lëtzebuergescht Fest an der Belsch. Fir dohin zë kommen, hëllt een am beschten d’Interstate 43 an do d’Sortie 107.
Alles kapéiert? Natierlech ass hei net eist Nopeschland gemengt, mä d’Staad Belgium am amerikaneschen Bundesstaat Wisconsin. An deem klengen Stiëdchen um Lake Michigan liëwen nawell eng Rei Nofahren vun lëtzebuergeschen Siedler aus dem 19. Jorhonnert. An all Joër feieren së hir Hirkonft aus Lëtzebuerg an der Belsch. Um offiziellen Site fënnt een souguër de Manifestatiounskalenner fir d’ganzt Joër.
Link