endlech weekend?

Hautzudags wëll jo jiddereen seng eegen Homepage hun, och wann een keng Ahnung huët, wat drop soll. Eng onmasseg Servicer gin ët wéll, wou een kann seng eegen Säit a 5 Minutten zësumme klicken. D’Resultat weess dann duërch wëld Geschreibsels ouni Zesummenhang an Aakribs erzeugend Faarwen z’iwwerzeegen. Neierdengs setzen der vill och Skripter an, di ët aaneren erméiglechen, eegen Säiten z’erstellen: quasi eng Meta-”ech och”-Säit. Datt déi “Service”-Säiten sélwer net vill besser wi eng Standard-party.lu-Säit, ass dann kee Wonner. Opmannst ë klengen Spellchecker hätt vläit ë bessen genotzt (wann ët dann sou eppes ging ordentlech op lëtzebuergesch ginn).
Link 1
Link 2

This entry was posted in Entertainment, Internet & PC. Bookmark the permalink.

2 Responses to endlech weekend?

  1. benem says:

    net ze vergiessen, page.lu respektiv hot.lu …
    Decken Blödsin alles.
    Ech kann mech nach erenneren wéi party.lu ugefangen huet dass een seng eegen HP konnt maachen, am Ufank huet do keen Schwain eng gemach, an dun op eemol as et lass gangen.
    Den Witz bei der Saach as jo och nach wann ech dann z.B. kucken wéi den Quellcode deen vun hirem Script produzéiert gett bei hot.lu / page.lu oder wéi se nach all heeschen, ausgesait, dann kann ech nemmen laachen. Et géif een jo mengen, do géifen Leit, déi eppes dervun verstin wéi een eng Websait opbaut an opmanst HTML, CSS korrekt kennen, een Service ubidden fir deenen, déi daat net kennen, d’Méiglechkeet ze gin fir eng kleng Page am Web ze hun, mee dobai wessen se selwer net éierbar bescheed…. (freck daat war en langen Saatz)

  2. Petz says:

    Ironie as et jo och das et meigelech waer, mat wordpress daat selwecht ze maachen, mengen get jo deen WordPressMU oder wei et och emmer heescht.

    Sou blogs waeren XHTML conform an mat ordentlechen themes och vill mei “easy on the eye” wei schiel party.lu seiten.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>