Archive for September, 2005

rettet d’wahlen(4)

Thursday, September 29th, 2005

Op enger, natierlech a blo gehaalener Säit presentéiert sëch d’”Demokratesch Partei”. Ët miërkt een direkt, datt dat ganzt vun enger professioneller Firma kreeéiert gin ass; alles wiërkt iwwersiichtlech, fonktionell, mä eng gewëss Plaaz gett och vun Wahlreklammen, di net direkt zum Parteiprogramm bäidroën ageholl. Ët gett een liicht un eng PR-Kampagne erënnert, di éischter bei eng privat, kommerziell Firma ging passen.

Op der Haaptsäit kritt een di neisten Noriichten aus der Partei gewisen an di sélwecht gett an zimlech ville Beräicher firgestallt: den Opbau vun der Partei, d’Memberen am lëtzebuerger an europäeschen Parlament an di verschidden Gemengen. Den üblechen Sproochemischmatsch (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) herrscht och an deenen verschiddene Menüen. Dës informéieren iwwert de Wahlprogramm, beäntweren eng Reih oftgestallte Froën a présentéieren den Kalenner vun Wahlversammlungen.

Am grousse Ganzen ass ët eng informativ an iwwersiichtlech Säit an bis ëlo di éischt (vun deenen, di hei présentéiert goufen) wou den Visiteur kann aktiv Deel huëlen: um Site kann een nämlech bei Ëmfroën matmaachen oder eppes an de Forum schreiwen.

Link

rettet d’wahlen (3)

Monday, September 26th, 2005

D’Websäit vun “Déi Gréng” ass wi erwaart gréisstendeels a genau där Faarw gehaal. Iwwersiichtlech kritt een di nächst Événementer vum Wahlkalenner présentéiert, souwi di läscht Noricht vun der Partei.

Als Informatioun iwwert de Wahlprogramm kritt een dësen an engem zweesproochegen PDF ugebuëden, de Site sélwer ass, wi vun aaneren Parteie gewinnt ë Gemësch tëschent verschiddenen Sproochen (lëtzebuergesch, franséisch an deels däitsch). Eng no de Gemengen zortéiert Lëscht vun den Kandidaten an regional Ënnersäiten, souwi eng Méiglechkeet d’Wahlspoten erof zë luëden, komplétéiren de Site. Fazit: näischt Revolutionäres, mä ë klengen an iwwersiichtlechen Site, wuël betount einfach gehaal, wouduërch ee séier di gesichten Informatiounen fënnt.

Link

rettet d’wahlen (2)

Tuesday, September 20th, 2005

Als zweet kënnt haut de Site vun der CSV un d’Reih. Op enger, an orange a gro gehaalener Ufankssäit, fënnt een eng Iwwersiicht vun den nächsten Événementer am Parteikalenner an di neist Norichten aus der Parteipolitik a Fraktioun, woubäi een och am Archiv no äleren Norichten ka sichen.

Niëwent Linken op verschidden offiziell Siten wi déi vun der Regirung an der Chamber, verweist d’Säit och op eng Rei Ënnersiten, nämlech fir di verschidden Regionalsektiounen. Desweideren kann een sëch och nach ën Newsletter abonnéiren, wou een soll iwwert Neiegkeeten um Site informéiert gin.

Am Beräich iwwert d’Gemengewalen fënnt een den Wahlprogramm vun der “Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei” plus eng Iwwersicht vun den kommunalen Kandidaten.

De Site gett ofgerënnt mat Kontaktinformatiounen vun den eenzelnen Servicer, enger Presserevue a Publikatiounen iwwert d’Partei. Am grousse Ganzen ass ët ën iwwersichtlechen Site, wou een zimlech komplett iwwert d’Parteiliëwen informéiert gett. Den Design ass koherent, wiërkt net iwwerluëden, mä benotzt ower eng Reih onnéideg JavaScripten. De Menü zu den eenzelnen Beräicher wirkt liicht verstoppt, wéll ën net genuch eraus stëcht. Wi bei den meeschten Parteisäiten, feelt ët natierlech rem un enger gewësser Interaktivitéit.

Link

rettet d’wahlen (1)

Monday, September 19th, 2005

Am Kader vun de Gemengewahlen, di den 9. Oktober 2005 zu Lëtzebuerg statt fannen, gin hei mol d’Websäiten vun den eenzelnen Parteien ënnert d’Lupp geholl. Dëst ass vollkommen onpolitesch ze gesinn a keng Aussoo iwwert di politesch Fähegkeet vun den jeweilegen Parteien! Fir keen ze bevirdeelegen, gi së an där Reihefolleg duerch geholl, wi së op de Lëschten stinn. Wann nach een weider Informatiounen zu den Internetoptrëtter vun de Parteien huët, kann ën dat hei kommentéiren.

Fänke mer haut mam Site vun der LSAP un. No engem klengen Redirect kënnt een op eng speziell Säit, déi iwwert di dësjähreg Gemengewahlen informéiert. Ech wärt duerfir och just deen Deel vun der Gesamtsäit “ënnersichen”. Als éischt kann een sëch ëmol op enger Landkaart vum Land di eenzel Gemengen eraus picken an zu hiren jeweilegen Kandidaten Informatiounen opruffen. Den Iwwerbléck verléiert een awer deelweils, wann ëmmer rem eng nei Fënster opgeet. Desweideren schéngt de Webmaster de scho baal fanateschen Asaatz vun Flashanimatiounen a JavaScripten zë befirwuërten.

Zu hirer Wahlkampagne kritt een d’Radio- an Telévisiounsreklammen erof zë luëden. Wat ower wuël di meescht Leit interesséire wärt, ass hire Wahlprogramm deen een iwwersiichtlech als PDF erof ka luëden oder eenzel Kapitelen doraus um Site sélwer ka liësen. Ofgeronnt gett de Site iwwert d’Wahlen vun engem Kalenner, deen iwwert di eenzel Événementer während de nächste Wochen informéiert.

Als Fazit ging ech soën, datt de Site duerchaus informativ an zimlech komplett iwwert de Wahlprogramm vun der “Lëtzebuerger Sozialistescher Arbechter-Partei” informéiert. Ë bessen Interaktivitéit mam Benotzer feelt ower deelweis. Vum Design hir gesinn, wärten Stéieren séier un der rouder Faarw ermidden, mä d’Struktur ass relativ logesch opgebaut an ët gesäit een iwwersiichtlech di verschidden Beräich, sou datt d’Navigatioun séier klappt.

Link

Crash

Monday, September 19th, 2005

You think you know who you are. You have no idea.

Set in the city of angels, Crash tells the stories of a dozen or so random Angelinos. The movie opens and concludes with the murder of a young black man and thereby functions as the frame story of the movie. In between we are shown what happened the day before in the lives of several individuals as well as the events that ultimately led to the killing of that young man. Police detectives (Don Cheadle; Jenifer Esposito) are taking bribes, police officers (Ryan Philippe; Matt Dillon) go on patrol, the well-off (Sandra Bullock) commandeer their Mexican cleaning lady, attorneys (Brendan Fraser) go to court and gang-bangers (e.g. Ludacris) carjack SUVs. In other words, everybody follows their everyday routine. But of course nothing ever happens as you think it would. People meet, tension builds up and anger, fear and frustration are released. And sometimes, people are killed in the process.

After a long period of Hollywood’s notorious summer big bang madness, Crash, directed by Paul Haggis who also wrote the screenplay for Eastwood’s Million Dollar Baby, is a welcome low-budget ($6.5 million) independent production. Nevertheless, the movie shows off a killer cast with many members giving remarkable performances. Crash, deliberately and heavily relying on stereotypes, builds up realistic scenarios and portrays humans for what they really are. The movie’s cross-cultural collisions bring out the prejudices in these Angelinos and show us what we are too afraid to admit. Crash, being a movie with a serious message is obviously not always easy to watch but probably ranks amongst the best films of the year. The score is highly moving, the presentation is genius with great dialogues and thought-provoking lines (‘we crash into each other just so we can feel something’) and L.A. has never looked grittier before.

A daring crash course on human interactions. (3 out of 4 melting pots)

mp3 killed the radio star

Thursday, September 15th, 2005

D’lëtzebuerger Podcastszene ass su luës um sëch entweckelen. Nom éischten Podcast aus Lëtzebuerg gett ët ëlo den éischten Podcast op lëtzebuergesch mam Numm “Bouneschlupp” vun naischtnotz.net. Mëttlerweil scho mam 2. Bäitrag iwwert di däitsch Pogo-Partei.
Link

weider prévisiounen…

Wednesday, September 14th, 2005

D’läscht Nuëcht gouf ët op der Sonn ë Röntgenstrahlenausbroch deen zimlech genau op d’Ärd geriicht wor. Am pazifesche Raum gouf den Kuërzwellefunkverkéier souguër fir eng Stonn ënnerbrach, mä ze färten ass awer näischt. Am Géigendeel; mat ë besse Chance (wann d’Wolleken sëch fort maachen), kann een dës Nuëcht souguër Nordlichter (Aurora borealis) hei an Mëtteleuropa gesin.
Link

daily doof

Monday, September 12th, 2005

Ët begéint engem dach all Dag iergend ë Blödsinn op der Welt. Dat ka wuël jiddereen vu sëch behaapten. Fir de Rescht gett ët den doofblog. Ass guër net sou doof, wi de Numm een dat gleewen deet.
Link

spillerei

Friday, September 9th, 2005

gVisit ass eng Modifikatioun vun Google Maps (Landkarten vun der ganzer Welt). Hei kann een sëch d’Visiteuren vun enger bestëmmtener Websäit uweise loossen. Ech hun dat ganzt lo mol op dëse Site agestallt a si gespaant, wat dobäi eraus kënnt.
Link

Update (11.09.2005):
Nodeems ech hei iwwert gVisit geschriwwen hat, kruut ech eng Email vun der Konkurrenz vun mapstats.blogflux.com. Déi bidden ën ähnlechen Service un, hun ower nach weider Méiglechkeeten Informatiounen iwwert d’Visiteuren unzëweisen. De Konkurrenzkampf am Lokaliséieren ass also anscheinend knallhaart, wann amerikanesch Säiten schon op d’Hëllef an d’Reklamm vun lëtzebuergeschen Säiten ugewisen sin.

Update2 (1.10.2005):
Ech hun gVisit eraus geholl, wéll di Säit sou luës, datt EWL sélwer baal nemmi geluëde ka gin.
Hei ass de Script:

http://www.gvisit.com/display/showfeed.php?src=

http%3A%2F%2Fwww.gvisit.com%2Frss.php%3Fsid=
6ae33379708c3ac01d68643dcc98da16&n=5&bordercolor=
000000&bgcolor=FFFFFF&linkcolor=0000EE&headercolor=
000000&headertext=Besicher:&width=200&padding=6

Äiskaal

Wednesday, September 7th, 2005

EWL ass zréck aus dem Summerlach.

Datt hei zu Lëtzebuerg Äishockey gespillt gett, ass vläit bekannt. Mä kennt iergendeen eigentlech eng Equippe aus dem kaale Sport? Een Artikel vun enger däitscher Säit schwätzt ë bessen iwwert eis Lokalmatadoren ronderem de schwarze Puck, wi Torpedo Lëtzebuerg an den HC “Canada-Dry” Beaufort-Echternach. D’Äishockeynationalmannschaft (aktuell op Rang 42) wärt d’nächst Joër souguër an der drëtter Divisioun zu Reykjavik spillen.
Link