rettet d’wahlen (6)

Di grouss Buchstaawen "ADR" begréissen een um Site vun der Partei mam nämlechten Numm. Dorënner stinn d’Schlagzeilen vun den neiesten Norichten aus der Partei. Di verschidden Themen, di d’Partei uspriëche wëll, sinn direkt an ë Menü opgeholl, deen di eenzel Beräicher vum politeschen Liëwe présentéiert. Ët existéiert souguër ë Forum, deen ower leider zimlech irreféierend ass, wéll een just ë Kommentar zu verschiddenen Texter kann hannerloossen. Op enger extra Säit iwwert d’Gemengewalen kann een sëch de Programm an d’Kandidaten ukucken. Fazit: ë liicht konfuse Site, mä fir eng sélwer doheem mat Frontpage Express zesumme geklickte Säit akzeptabel.

Link

This entry was posted in News. Bookmark the permalink.

2 Responses to rettet d’wahlen (6)

  1. Thierry says:

    Naja also ech fannen d’Säit vum ADR relativ schwach bis zimlech schlecht. Souguer mat Frontpage Express ass e bessen méi dran. Deen zwanghaften Asaatz vu giel op wïass wierkt vill zevill opdränglech, an verursaacht Aakriibs.
    An een Detail – vu villen – wat mech nach opreegt ass déi Tabell riets mam Link ‘Geschicht vun der Partei. Also wann dat keen Designverbriechen ass, da wees ech et och net.
    De Site ass am Verglach mat deenen meeschten party.lu Säiten allerdengs ganz akzeptabel, ass jo scho mol een Ufank. :-)

  2. pa says:

    Do muss ech der Recht gin, bei de Faarwen hun ech als éischt missten un d’Post denken ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>