U sëch wollt ech jo op dëser Plaaz just déi Parteiesäiten ënnert d’Lupp huëlen, di a sämtleche Gemengen vertruëde sin (hoffentlech hun ech keng vergiëss, wann dach, hat së Pech). Foljend Partei (an hiren eenzegen Kandidat) ass awer just an der Haaptstaad ugemellt, mä wéngst der lächerlechster Parteisäit, di ech je gesin hun, fënnt së awer hei hire Bäitrag. Riëds ass vun "Multikulti", der Partei mat Zitat: "null Budget".
Datt ët sëch ëm eng Websäit handelt, kritt een direkt mam Titel "Homepage, Webseite, Page, Internet Seite Webdokument" matgedeelt. Eng innovativ Présentatioun a Form vun engem Telévisiounstestbild weist een frëndlech dorops hin, datt "hei Homepage vun MULTIKULTI entsteht" (Artikelen firun Substantiven sinn souwisou vollkommen iwwerschätzt). A fir och sämtlech Méiglechkeeten vun den neie Medien zë notzen a mam potentiellen Wiëler a Verbindung zë triëden, steet souguër eng Emailsadress do. Weider awer soss näischt. Schuëd. Ech hu mech och net getraut per Email de "Wahlprogramm" unzëfroën; wahrscheinlech hätt ech deen da per Post zougescheckt kritt. Dat ass awer reng Spekulatioun, vläit gett ët jo guër keen.
Update: d’Säit huët sëch schon geännert, si strahlt lo ë frëndlecht Wäiss aus, respektiv ass eidel.
Update 2: den 7. Oktober ass awer nach eng Säit online gaangen, dräi Deeg firun de Walen.
Du hues eis Kommunisten vergiess: http://www.zlv.lu/ respektiv http://www.zlv-online.de/index.php?cat=kpl
U sëch net, wéll ech stellen jo net d’Parteien, mä hir Websäite fir. A wéll d’Kommunisten keng hun, sti së och net hei. Däi Link do verweist just op d’Homepage vun enger Zeitung, och wann dat vläit hirt “Parteiorgan” ass.