back to the future

Zënter 1995 gett regelméisseg den "Science Festival" vum "Fonds National de la Recherche" organiséiert. Am Ufank geduëcht, fir Kanner di interessant Welt vun den verschiddenen Wëssenschaften op eng spilleresch an uschaulech Manéier ze weisen, huët sëch dëst Événement als Magnéit fir jiddfer Mënsch entwéckelt.

Am Einstein-Joër a Weltjoër vun der Physik 2005 gett de bis lo gréisste Programm gebuëden. Während zwou Wochen kënnen interesséiert Schoulklassen a Gruppen, souwi un den zwéin Weekender den allgemenge Publikum flott Experimenter, wëssenschaftlech Firféierungen an Discoursen no verfolgen. Langweileg gett ët net, wéll bei allem steet dat interaktivt Matmaachen um Plang. Als Beispill si mol d’Chemical Wild West Show an d’Physikanten mat chemeschen an physeschen "Tricken" geholl. D’Highlights wärten wuël eng Firféierung vum berühmten Roboter ASIMO vun Honda an eng Konferenz mat der japanesch Astronautin Dr. Chiaki Mukai sin.
Link

This entry was posted in Entertainment, News, Science. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>