gehiirlos

An zwou Wochen, pünktlech fir Halloween, kënnt ën eraus: den éischten lëtzebuergeschen Zombiefilm! Dëse Film handelt vun, aus eiser op Liëwegkeet fixéierter Gesellschaft ausgeschlossenen postmortalen, sëch vun zerebralem Material ernährenden, humanoiden Wiësen. Dat ging ech mol soën, dem Numm vum Film no. Soss hun ech keng Ahnung doriwwer.
Link

This entry was posted in Entertainment, Kultur. Bookmark the permalink.

2 Responses to gehiirlos

  1. Thierry says:

    Also ech hu mer lo mkol deen Teaser an den Trailer ugekuckt. Ech fannen et net wierklech besonnesch. Ganz amüsant fir lëtzebuerger Verhältnisser eventuell, mee gesäit net aus wéi wann en déi 7 Euro, oder wéivill zidd den Utopolis engem mettlerweil aus der Täsch, wert ass. De Film well sech professionell ausgesin loossen, mee dat geet awer zumindest an deenen zwee Previews total schief.

  2. Petz says:

    Salut. Sin een vun den zwee Leit déi den Film geschriwwen an gedréiht hun. Also onsen Film ass ganz sëcher een Amateur-Trash-Film. Waat soll een och aanescht fir 13.333 EUR hinkréien. En plus in mir all Filmunfänger. Fir ons (an fir den publique) soll den Film einfach Fun sin. Den utopolis freet iwwregens just 5 EUR entrée fir onsen Film. Ons Team wier frouh wann der p 2 Béier verzichten kéint an aplaz onsen Film géift kucken goen. mir drénken der dann 2 méi op iech =)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>