Archive for October, 2005

rettet d’wahlen (oder och net)

Thursday, October 6th, 2005

U sëch wollt ech jo op dëser Plaaz just déi Parteiesäiten ënnert d’Lupp huëlen, di a sämtleche Gemengen vertruëde sin (hoffentlech hun ech keng vergiëss, wann dach, hat së Pech). Foljend Partei (an hiren eenzegen Kandidat) ass awer just an der Haaptstaad ugemellt, mä wéngst der lächerlechster Parteisäit, di ech je gesin hun, fënnt së awer hei hire Bäitrag. Riëds ass vun "Multikulti", der Partei mat Zitat: "null Budget".

Datt ët sëch ëm eng Websäit handelt, kritt een direkt mam Titel "Homepage, Webseite, Page, Internet Seite Webdokument" matgedeelt. Eng innovativ Présentatioun a Form vun engem Telévisiounstestbild weist een frëndlech dorops hin, datt "hei Homepage vun MULTIKULTI entsteht" (Artikelen firun Substantiven sinn souwisou vollkommen iwwerschätzt). A fir och sämtlech Méiglechkeeten vun den neie Medien zë notzen a mam potentiellen Wiëler a Verbindung zë triëden, steet souguër eng Emailsadress do. Weider awer soss näischt. Schuëd. Ech hu mech och net getraut per Email de "Wahlprogramm" unzëfroën; wahrscheinlech hätt ech deen da per Post zougescheckt kritt. Dat ass awer reng Spekulatioun, vläit gett ët jo guër keen.

Update: d’Säit huët sëch schon geännert, si strahlt lo ë frëndlecht Wäiss aus, respektiv ass eidel.

Update 2: den 7. Oktober ass awer nach eng Säit online gaangen, dräi Deeg firun de Walen.

Link

rettet d’wahlen (6)

Thursday, October 6th, 2005

Di grouss Buchstaawen "ADR" begréissen een um Site vun der Partei mam nämlechten Numm. Dorënner stinn d’Schlagzeilen vun den neiesten Norichten aus der Partei. Di verschidden Themen, di d’Partei uspriëche wëll, sinn direkt an ë Menü opgeholl, deen di eenzel Beräicher vum politeschen Liëwe présentéiert. Ët existéiert souguër ë Forum, deen ower leider zimlech irreféierend ass, wéll een just ë Kommentar zu verschiddenen Texter kann hannerloossen. Op enger extra Säit iwwert d’Gemengewalen kann een sëch de Programm an d’Kandidaten ukucken. Fazit: ë liicht konfuse Site, mä fir eng sélwer doheem mat Frontpage Express zesumme geklickte Säit akzeptabel.

Link

rettet d’wahlen (5)

Wednesday, October 5th, 2005

Di "schéin" Komplementärfaarwen Roud a Gring begréissen een op der Säit vun "déi Lenk". Iwwersiichtlech fënnt een di neisten Norichten vun der Partei, woubäi leider ën Deel vum Text vu Biller iwwerdeckt gett. Ë Bléck an de Quellcode vun der Säit weist leider och nach deen een oder aaneren Fehler op, woumat di Säit wuël net bei all Visiteur richteg wärd ugewise gin.

Di üblech Informatiounen iwwert a ronderem d’Partei fënnt een an engem Menü, deem séng Faarwenauswahl liicht ermiddend ass. Duerfir kritt een dann awer nawell zimlech vill Informatiounen aus allméiglechen Beräicher ugebuëden. De Wahlprogramm kann een sëch erofluëden, genau sou wi Lëschten vun de Kandidaten aus de gréisseren Gemengen. D’Reklammen aus verschiddenen Medien, genau sou wéi ën Agenda rënnen d’Angebot oof. Am grousse Ganzen ën zimlech informativen Site, mä leider vum "Usability"-Faktor hier gesin net um Top.

Link

hoffentlech keng wolleken

Sunday, October 2nd, 2005

Muër de Moien (den 3. Oktober) kann een zu Lëtzebuerg eng partiell Sonnendäischtert bewonneren, natierlech just, wann d’Wiëder ët zouléisst. Nach besser wir ët wann ee muër zoufälleg zu Madrid wir, wéll éischtens ass do wahrscheinlech net nëmmen d’Wiëder besser, mä do kritt een och eng total Sonnendäischtert zë gesin. Weider Informatiounen kritt een um Site vun den Amateur-Astronomen Lëtzebuerg.
Link