Den 28. Oktober 2005 gouf de Concours fir d’Neigestaltung vun der Staater Gare ofgeschloss. De Büro JSWD vu Köln an de Paréiser Atelier d´architecture Chaix & Morel hun de Präiss gewonn. An dësem Artikel vun baunetz.de gett een weider Detailer iwwert desen nawell impressionante Projet gewuër.
Gesäit intressant aus dat do. D’Gare gett jo richteg schéin a modern wéi et kléngt, gouf och Zäit. :)
Ech muss zougin, deng Seit hei as nach zimlech interessant.
Kritt een e puur Saachen iwwert eis scheint Land mat, dei ech soss nie heieren hätt.