D’Nationalbibliothéik ass momentan mat engem nawell interessante Projet amgaang: d’Digitaliséiren vun historeschen lëtzebuergeschen Zeitungen. Dat Ganzt stëcht zwar nach an de Kannerschung, mä eng Reih Säiten (di bis 1882 zréck gin!) kann een sëch schon ukucken.
Déck witzeg, a mega cool! :) Ech wousst mol net dass et emol eng Illustréiert “A-Z” gouf… Schon iergendwéi komesch wann een sech do sou ukuckt wat déi iwwert d’Nazien geschriwwen hun 6 Joër ier di grouss Katastroof koum… Do gouf nach fläisseg de Geck mat hinnen gemaach :-/
Jo, besonnesch di “Seite mit Humor” vun 1933. Ë wirklech interessant Zäitdokument.
Jo, déi hat ech gemengt. ;) Ech si gespaant wat nach fir intressant Saachen do kommen. Freen mech drop. :)
Nei digitaliséiert Luxemburgensia ass online.