A läschter Zäit dauchen ëmmer méi lëtzebuergesch Blogen op, entweder vun Lëtzebuerger oder vu Leit, di zu Lëtzebuerg liëwen. Och di lokal Press ass op de Phänomen opmierksam gin, wi z. Bsp. ën Artikel am aktuelle Jeudi weist. Den Doofblog huët och eppes doriwwer geschriwwen. Kennt nach een weider Blogen oder huët sélwer een? Da schreiwt ë klenge Kommentar hei hannen drun (oder de Link fir Suggestiounen op der riëtser Säit); an nächster Zäit wärt ët hei mol eng
kleng Oplëschtung vun der lëtzebuergescher Blogosphere gin.
Jop, hei ass nach een. Op englesch zwar, mee ech sin Lëtzebuerger :-)
http://blog.sadautumn.com
Du stees och schon a menger Blogroll :-)
Un sech missten sech mei Letztebuerger dei bloggen bei Servicer wei http://www.globeofblogs.com/
http://www.blogflux.com
an http://www.geourl.info unmelden.
Emmerhin kann en “eis” dann fannen, op denen Saiten an doduerch och an de Länner-Kategorien, waat “eis” als letzebuerger Blogger als eben daat duerstelle geif.
pa, mega.lu/blog. Sensationell inaktiv. Mee do.
kuck mol bei mir ennert luxroll, do sin der schon zimlech vill
aprops, bei http://www.blogwise.com do kann een och e bestemmtent lang kucken
Hei och nach een blog: http://www.visual-delight.lu as zwar och op englesch, ma et geet em Live video projectiounen dei mer hei zu Letzebuerg maachen ;)