de geescht vu krëschtdag

Nach annerhallew Woch huët een Zäit, wann een een vun den dräi Staater Krëschtmärt besiche goën an ët sëch mat engem waarmen Glühwäin an Gromperekichelcher gudd goë losse wëll. Fir méi iwwert di mi kulturell Begleedung gewuër ze ginn, informéiert den offiziellen Site.

Link

This entry was posted in Entertainment, Kultur, News. Bookmark the permalink.

8 Responses to de geescht vu krëschtdag

  1. Thierry says:

    Ech hu nach ni de Geescht vu Chrëschtdag hei um “Chrëschtmaart” fonnt. Et ass dat selwecht wéi de Märtchen – just ouni d’kanadesch Kamellen an ouni d’Fëschspill. Chrëschtdag kann dach net nemmen e Glühwäin an e fettegen Gromperekichelchen sin?!

    Op deenen Fotoen gesäit dat jo ganz schéin aus, mee leider ass et net esou. Wat och dodrunner läit, dass de Beemchen op der Plëss einfach armséileg ass wat d’Beliichtung ugeet – eng Beliichtung wou en plus d’Hallschent vun deene wéinege Bieren futti ass.

    Mee de Staat huet jo (anscheinend) keng Suen méi.

    Ech wees ech sin total verbattert wat déi Feierdeeg ugeet. :-) Mee ech hu bis elo nach näischt fonnt op/iwwer dat ech mech kéinnt freen.

  2. pa says:

    Dat mam “Geescht vu Krëschtdag” wor jo och ironesch sarkastesch gemengt, wengst Kommerz a sou… ;)

  3. sepisultrum says:

    Bleiwt mer dach all fum Leiw mat Kreschtsdag. Daat ass jo net auszehaalen

  4. federico says:

    Den Tréierer Chreschtmaart ass nett ze toppen.

  5. Thierry says:

    effektiv, ech war mer deen haut mol ukucken an ass top :)

  6. federico says:

    Genau, vierun allem fenns de sou een wéi zu Tréier an engem immens groussen Emkrees vun hei net méi sou séier. Fannen deen Chreschtmaart ass einfach gudd organiseiert, d’Buden sin all gepflegt, et passt beieneen, et gett kontrolléiert an vierun allem ass d’Maartplaatz an och déi Plaaz vierum Dom jo immens schéin.

    Ech well domadder net soen dat den Chreschtmaart an der Staad schlecht ass, mee ech mengen ween eng Kéier zu Tréier war bemierkt dono den groussen Kontrast. Dat ass mol meng Meenung dozou :-)

  7. Thierry says:

    Also ech hun de Chreschtmaart an der Staat scho firdrunner miserabel fonnt… :) Genau dofir war ech op Tréier kucken well ech héiren hun dee wier em Meilen besser :)

  8. Kleeschen says:

    Salut

    Mëttlerweil gett et och eng Sait fir Chreschtdag zu Lëtzebuerg.
    Kuckt Iech http://www.chreschtdag.lu un…

    Bäscht Gréiss
    den revaloriséierten Kleeschen

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>