krëschtstress

Alles biselt hin an hier an der Pre-Krëschtdagszäit. Séier, séier Geschenker kaafe goën! An der Papéterie vun engem groussen Supermarché dréck sëch ën zimlech beleiwten Mann hanneru mech laanscht an kuckt liicht désinteresséiert eng Reih mat Classeuren un, di do genau sou désinteresséiert ronderem hänken. Seng net manner korpulent Fra nervt ën mat engem “Du haass dach lo d’ganz Joër iwwer Zäit…!”

Iwwerall leeft alles nervös ronderem. D’Leit wëllen all dohin, wou all di aaner och hi wëllen, ë Grond wärt ët jo scho ginn. Moies fuëren di modern duëbelstäckeg Zich luës iwwert d’Quaien vun der Gare, strubbelvoll mat deenen ënnerscheedlechsten Mënschen, di all näischt vun deem klengen Fonkenspektakel iwwert hire Käpp mat kréien; dann, wann d’elektresch Leitung, déi vum Waggon matgezu gett, kleng Äisstécker um Kabel erwëscht.

D’Bussen sin genau su voll, wat net nëmmen dorun läit, datt permanent Schoulklassen matfuëren. “Schnipp, schnapp, schnupp” héiren ech hannert mir. Heescht dat net ‘Schnick, schnack, schnuck?’ denken ech mir. Ë Bouw an ë Meedchen ëm di 9 Joër aal, spillen ‘Schéier, Steen, Pabeier’ op hire Sëtzer. “Neen”, erklärt hien, “d’Schéier mëcht ë Lach an de Steen an de Steen zerkniwwelt de Pabeier…”, anscheinend gewënnt hien wuël ëmmer, “…an dann muss de deem aaneren ganz séier mat denger Saach op d’Hand schloën.” Du brëllt d’Meedchen: “Aua!” “Jo, du muss d’Hand och séier genuch ewech zéien!”

Endlech ass d’Statioun a Siicht, wou ech eraus klammen, d’Kanner leider och. D’Schoulmeeschtesch seet hinnen all, datt së sech sollen prett maachen. Wann just d’Leit net gingen all an de Gäng stoën! Mee kee Problem; dat léist ën haarden “PARDON! Mir klammen hei eraus!!!!1″ an di erschreckten Oueren vun den onschëllegen Geschäftsleit.

This entry was posted in Pablog. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>