LuxBlog

Wéi am doofblog an bei Thoughts scho geschriwwe gouf, ass blog.lu online gaangen. De Site nennt sëch den éischten lëtzebuergen gratis Blog-Ubidder, ass awer komplett op franséisch gehaalen. De Start war u sëch fir de Januar 2006 geplangt; dat miërkt een och, well nach di eng oder aaner Kannerkränkt auszëmerzen ass. Hoffentlech och di Faarwen, ët kënnt een sëch fir, wi an der Maternité.

Momentan sin ronn eng Dozen Blogen online, dorenner och ën literarescht Klengod, dat wuël net laang wärt do bleiwen. Dat ganzt kann een sëch wuël als party.lu-Versioun vun der Blogosphere firstellen. Fir och nach an Zoukonft kräfteg kënnen zë laachen, wärt also gesuërgt sin.

Link

This entry was posted in Blogs, Internet & PC, News. Bookmark the permalink.

27 Responses to LuxBlog

  1. benem says:

    sollen mer eis net zu puer zesummensetzen, an deenen mol weisen, wéi een daat richteg mecht, andeems mer en eegenen dingsda opzéien? ;)

  2. Thierry says:

    Kléngt no enger gudder Idee :) Ech géing et relativ cool fannen de Service ze Bloggen unzebidde, an dat awer mat der Idee vun egalwaat ze kombinéiren, i.e. dass een och eng Lëscht veröffentlecht wou jiddereen säi Blog kann androen och wann en net bei deem Service ugemellt ass. Da kriich een nämlech en richtegt Portal vun der lëtzebuerger Blogosphär.
    Also wann een sou ee Projet well starten, ech sin dobäi.

  3. pa says:

    Ech mengen, ech starten do mol sou eppes wi podster.de fir lëtzebuergesch Blogen.

  4. benem says:

    jo, eppes wéi podster wier een Ufank.
    Mee daat as méi fir Podcasts, oder?

  5. Fireball says:

    Hehe yeah setzen mer eis zesummen an starten eppes “richteges”. Obwuehl – daat kann och an d’Box goen an dofir brauch en wahrscheinlech och e bessi Geld, an daat wisst jo leider net op de Beem. Oder huet en vun ierch en Rechenzentrum doheem am Keller?
    Mee ech geif en richteg “professionellen” Service gudd fannen. Vlait op der Basis von Antville?

  6. benem says:

    Rechenzentrum zwar net, mee hun en dedicated Server an Daitschland stoen. ;)

  7. Fireball says:

    Woumadder den Unfank jo schon mol gemaach wier. An der eischter Phase keint en et jo dorobbs “probeieren” an wann et wirklech Success ged dann mescht en eben reklamen op all blog an finanzeiert daat ganzt domadder – sou irgendwei ;)
    Mee dei Idee ass irgendwei deck cool!

  8. IP Vépéaine says:

    Salut,
    Ech hun all aer Komentaren gelies an… Ech mengen mier missten e bëssen ofwarden. Op den blog.lu steet jo daat et erréischt eng “phase test” ass an erréischt ab Januar soll die definitiv Versioun laafen. Ech géif hinnen mol eng Chance gin. An daat mat der Sprooch…suguer desen Site hei huet seng Problemer: Do ënnen steet “Leave a reply”, iwert die eischt Äntwert steet “This entry….” an dann “7 responses…” mee keen géif soen daat den egalwaat englësch ass, oder?
    Natiirlech sin mir hei zu Lëtzebuerg an wann et schon en blog.LU get, dann soll’en och op lëtz. sin, mee dann, déi die keen lëtz. verstinn… Villeicht hun sie sech gesot daat mir hei, praktesch alleguer, franzéisch kënnen, an hun villeicht dowéinst déi Sprooch gewielt. Waat mengt dir? Oder soll den blog.lu op englësch sin? Mee dann, déi Leit die keen englësch kënnen, zumols die ganz jonk, dann verstinn déi naischt!
    Also ech soen mir daat jidereen eng Chance huet oder soll kréien an ech warden mol bis Januar. Wann bis do naischt geännert gin ass, dann ignoréieren ech einfach den Blog an kucken daat ech eens gin mat aaner blogs. Mee ech hoffen an sin der Meenung sie werden et awer besser maachen bis Januar. Den Thierry vun Thoughts soot jo sie hätten anscheinend schon ugefaangen…
    Bis dann !

  9. benem says:

    Konkurrenz belebt das Geschäft… ;)

  10. federico says:

    D’Idee vun blog.lu ass gudd, mee d’Ausgesin léisst sech wuel am beschten mam Begreff “optesch Vergewaltegung” beschreiwen.

  11. Thierry says:

    Ech sin effektiv och der Meenung dass blog.lu mol nach eng Gnadenfrist bis de Januar verdéngt huet, och wann ech et schon extrem onprofessionell fannen, eng Säit online ze setzen wou d’Hallschent nach net geet an eréischt NODEEMS Kritiken doriwwer geschriwwen goufen, eng Meldung dohi setzen dass se nach an der Beta Phas sin. (Woubäi wéi ech d’Säit firdéischt gesin hun, war et éischter Alpha.)
    Allerdengs sin ech trotzdeem der Meenung, dass eng Aktioun wéi podster.de besser geegent wier, wa mer schon eng lëtzebuergesch Blogosphär wellen, da soll och do all Blog drastoen an net nemmen déi vun engem bestemmten Ubidder. Gratisubidder wéi blogger.de oder blogspot.com gin et der schon zevill, da brauche mer net och nach eng pseudo-lëtzebuergesch Alternativ dozou.
    Jo, ech gesi mech als lëtzebuergesche Blogger an ech schreiwen op Englesch, mee ech soen jo och net dass mer blog.lu sollen verurteelen well se franséisch sin, ech soen si dierften sech an deem Fall net als lëtzebuerger Blogosphär dohistellen wann se hiere komplette System nemmen op franséisch an englesch ubidden. Déi eenzel User kennen mengetwegen op russesch bloggen, soulaang se eppes mat Lëtzebuerg ze din hun, ass et fir mech e lëtzebuergesche Blog. Mee wéinstens de Service kéinnt awer op lëtzebuergesch ugebueden gin, si offréiren jo och englesch als Alternativ, firwat dann net och eis Mammesprooch?

    Wann ech mer dat esou ukucken, déi sin wierklech der Meenung déi hätten elo d’Ee vum Kolumbus fonnt a si géingen lo eng Blogosphär hei am Land opbauen, obwuel et scho längst eng gett!

    Da muss ech dem benem och natirlech zoustemmen, dass Konkurrenz d’Geschäft beliewt. An an enger éischter Instanz géing ech mol firdéischt eng Directory envisagéiren wou d’Leit sech kennen androen, an net en Ubidder. An jo benem, du hues Recht, podster ass fir Podcasts, mee mir mussen jo net d’Säit iwwerhuelen, mir iwwerhuelen nemmen de Prinzip, also eng Art Index. A mir kennen jo och eng Lëscht maachen mat lëtzebuergesche Podcasts, do si mer dann sws séier färdeg, well et gin der menges Wessens nemmen zwee, GuG, deen zimlech roueg ass zanter dem September, a mäin eegenen Podcast. :)

    Wat mech am Moment am meeschte stresst, dat ass dass mir hei alleguer eng Virreiderroll hun wat lëtzebuergesch Blogosphär ugeet, an elo kennt iergendsou eng komesch Firma uspazéiert an déi bléisst sech déck op a mecht sou wéi wann si elo dat alles hei an d’Land bruecht hätten, an dat kennen mer dach net op eis setzen loossen. ;)

    Iwwer Blog ze kommunzéiren ass och e bessen emständlech, wéi wier et eng Kéier mat enger Konferenz iwwert MSN wou een dat ganzt mol géing eng Kéier serieux diskutéiren mat “podster.lu”?
    Mäin MSN ass jiddefalls pitonlu@yahoo.de, wien well kann sech jo mellen. :)

  12. Thierry says:

    Da well ech just heizou vum IP Vépéaine nach kuerz eppes soen:

    “Natiirlech sin mir hei zu Lëtzebuerg an wann et schon en blog.LU get, dann soll’en och op lëtz. sin, mee dann, déi die keen lëtz. verstinn.”

    Ech well net nationalistesch kléngen, mee déi Leit déi hei am Land liewen a kee lëtzebuergesch kennen sollen et gefällegst léiren!! Wann ech op Berlin plenneren muss ech däitsch kennen, wann ech op Roum wunnen gin muss ech italienesch kennen.
    Si kéinnte franséisch jo mengetweegen als Alternativ zur Auswiel gin.

  13. IP Vépéaine says:

    Thierry, ech gin der Recht. Meng elteren sin aus Portugal an ech sin hei gebuer. Ech fannen et och normal daat wann ech hei wunnen, dann soll ech och lëtzebuergesch kënnen!
    Mee lauschter mol: Hei geet et net em d’Sprooch. Waat ass eng Sprooch? Et ass just eppes fir kënnen mateneen kommunizéieren. Waat wirklech wichteg ass, ass den Mënsch! Waat wichteg ass, ass daat Mënschen kënnen Ideen austauschen an Erfahrungen… Wann se daat op verschidden Sproochen kënnen maachen, tant mieux! Wann se nëmmen eng verstinn an mir verstinn déi och, sollen mir him soen “léier eng aaner Sprooch soss weil ech net mat dir Saachen austauschen” ? Ass et dach net egal op wéi eng Sprooch d’Leit kommunizéieren? Ass et normal daat eng Dozen Leit hei sech opreegen wéinst d’Wahl vun der Sprooch???
    An dann iwert d’Faarven, daat ass wirklech affaire de goût. Mee sie hun jo e puer Templates die verschidden sin, oder? Wann ech Papp sin vun engem Jong den erréischt 1 Mount aal ass, dann hun ech sëcher net méi den selwechten goût wéi wann ech ech Jonken vun 15 joer sin den Rebell ass an huet d’Faarven net gaeren an huet nëmmen schwarz a eventuell nach rout gaer (ech schwätzen vun meng Erfahrung, wou ech 15 war, war ech eben esou). “Le goût et les couleurs, ça ne se discute pas” – schon dovunner héieren?
    Ech sin mir doud sëcher daat wann den blog.lu op lëtzebuergesch waer an wann d’Faarven iech géifen gefaalen, dann géif dir nach aaner Saachen fannen, oder? Den blog.lu ass gratis! Die Leit die et gemaach hun hun sëcher vill Zeit geopfert fir et ze maachen (ech hun selwer schon e puer homepages gemaach, ech wees daat et laang dauert!) an dann kommen e puer Jonker die souwiesou nie zefridden sin (ech soen net daat jidereen esou ass, mee e puer vun iech schon) an maachen einfach Kritiken!
    Ech soen mir daat mir hei chance hun iwerhaapt Internet ze hun an vill Saachen zur verfügung hun an mir sin eben drun gewinnt Sachen fir naischt ze kréien an dann erlaaben mir eis nach Saachen…. Whatever…

  14. benem says:

    Ok, also fir op eisen Projet zreckzekommen, dem pa sain forum géif sech do jo schon ubidden, pa, du kéins jo mol do eng kleng ennerrubrik ariichten, dann kéinten mer daat ganzt do plangen.

    Zum Vépéaine: ech denken mir sin net “Jonker die souwiesou nie zefridden sin”, mee éischter Leit, déi eng gewess Ahnung hun vun Webdesign bzw. vum Internet allgemeng. Ech well domat lo net soen, dass “mir”, d.h. déi puer déi hei Kritik geübt hun un blog.lu, alles wessen oder déi Bescht sin, mee ech denken des Kritik war éischter sou gemengt, dass daat ganzt eben onproffessionell riwwer kennt, an dofir goufen Erennerungen un party.lu/page.lu/hot.lu etc. wakreg ;)
    An vlait wellen mir jo och einfahc just eng gewessen Qualitéit am Internet gesin, an net sou Saachen déi iwwert den Knéi gebrach sin.

  15. Fireball says:

    Wann en naischt seet, ass en eng Generatioun dei de Baack net opkritt an freier war sws alles besser, 68 asw.
    Wann en eppes seet, ass en en Jonken dei sws mat naischt zefridden ass.

    Ech fannen de Sproch “Mee déi Leit déi hei am Land liewen a kee lëtzebuergesch kennen sollen et gefällegst léiren!” net esou gudd, well daat fir mech vun Fall zu Fall ofhänkt. Natirlech ass d’Sproch dei beschten Meiglechkeet fir sech ze integreiren mee wann en weder franseisch, daitsch oder letztebuergesch kann an engem d’franzseisch mei no lait fannen ech et an der Reih fir virdeischt franzseisch ze leiren well en daat sws am meschten braucht.
    Wann en allerdengs schon eng vun eisen drai “Nationalsprochen” kann, kann en roueg e bessi letztebuergesch leiren, besonnesch wann en sech “well” integreiren. (verschidden Leit wellen daat net, mee do gesin ech net emmer genau waat ursaach an waat wirkung ass)

  16. IP Vépéaine says:

    Benem, ech sin ganz denger Meenung! Ech hun och eng Ahnung vun Webdesign an Internet am allgemeng an ech verlaangen och e Minimum vun Qualitéit. Mee wann ech den Blog.lu gesin, dann soen ech mir daat een (oder e puer Leit) sech während e puer Stonnen méi gin huet fir ons eppes unzebidden. Hud dir schon die “Tutorials” gesin? Ech fannen daat super gut gemach! OK, ech mengen daat wann ech den richtegen Software hun, dann kéint ech et och wahrscheinlech machen, mee sie hun et fir ons gemach. Mein Problem mat die ganz Geschicht hei, ass daat Leit (oder mindestens eng Persoun, ech wees net wien daat gemach huet) sech méi gin hun fir ons eppes cooles unzebidden an waat machen mir? Mir soen mol net merci….Nee, mir schreiwen wéi onprofessionnel den site ass, mir schreiwen daat d’Faarven ons net gefaalen, usw… Um fong ass daat mein Problem. Wie gesot, ech wees net wien den blog.lu gebaut huet, mee wann ech et gebaut hätt, dann waer ech traureg wann ech die Kritiken hei géif liesen an ech géif mir eventuell suguer soen daat ech die ganz Aarbecht fir naischt gemach hätt an géif einfach den ganzen Site löschen. Ech hoffen sie machen daat net. Wirklech, ech gleewen drun, ech hoffen an gleewen daat den Blog.lu eng kéier richteg gut get an cool ausgeseit!
    Fireball, ech sin den éischten den seet daat jidereen seng Meenung soll soen! Ech sin géint déi Leit die d’Aan zou machen wann hinnen eppes net gefällt oder die einfach de Back haalen fir Problemer ze vermeiden. Mee ech sin och der Meenung daat wann een eng Kritik mecht, dann soll die Kritik konstruktiv sin, an net einfach eng Kritik schreiwen fir och eppes dohinner geschriwen ze hun. Ech soen elo net daat een vun iech daat gemach huet, mee ech wëll meng Meenung einfach mol mat iech deelen. An elo iwer d’Sprooch, jo, ech fannen daat wann een hei wunnt, dann soll een och die National Sprooch léieren. Mee Lëtzebuerg ass komplizéiert weil hei eben net nëmmen 1 Sprooch get mee drei! Wann een keng vun denen 3 kennt, dann sin ech der Meenung daat franzéisch ze léieren daat bescht ass, weil pratesch jidereen franzéisch versteet. Den nico.lu, z.B., den ass och op franzéisch. Wiesou seet do keen eppes?
    Zusammenfassung: Ech sin ganz aerer Meenung, mee ech mengen awer och daat den Blog.lu net esou schlecht ass. Um fong verstinn ech net daat e puer Leit esou vill Problemer mat dem Site hun. Maja, un denen die Problemer mam Blog.lu hun: Hud dir schon drun geduecht hinnen direkt ze schreiwen? Ech mengen daat e puer Leit, ofgesin vun denen die tatsächlech eppes ze soen hun, daat sie einfach eng Kritik gechriwen hun fir och “dobei” ze sin, verstid dir waat ech mengen? Net onbedingt hei bei egalwaat.lu mee bei aaner Siten. A Plaatz direkt bei blog.lu ze schreiwen hun sie irgendwou geschriwen wou jidereen en kann liesen. Mee hun sie eng Kritik geschriwen fir daat een soll reagéieren, eppes konstruktives, oder fir einfach och eppes geschriwen ze hun an dobei ze sin? Wie gesot, eng Kritik ass gut wann duerno eppes verbessert soll gin an net fir einfach eppes geschriwen ze hun an d’Kollegen uruffen an soen “hey, kuck, daat war ech! Cool, heh ?!” An nach eng kéier: Ech soen net daat een vun iech daat gemaach huet, mee daat hei ass just waat ech mengen an ech sin iwerzeecht daat e puer Leit eppes geschriwen hun nëmmen fir et ze weisen oder fir cool ze sin.

  17. Thierry says:

    Zu där ganzer Saach mat der Sprooch, ech hun dat Gefill dat ass e bessen eskaléiert. Ech verlangen vu blog.lu jo am Prinzip nemmen, dass se och op lëtzebuergesch fontkionéiren, wann sie hieren Service och op franséisch ubidden, ass mir dat egal. Ech stousse mech just drun, dass soll eng lëtzebuergesch Blogosphär opgebaut gin an si maachen et awer mol net op lëtzebuergesch.

    Zu der Fro wien de Site gemaach huet: dat war d’Netline S.A. (www.netline.lu) eng Firma, an net iergendeng x-beliebeg Privatpersoun déi sech e bessen ameséiert huet, a genau dofir verlangen ech dass dat Ganzt e besse méi professionell ausgesäit.

    Jo, ech hun eng Kritik a mäi Blog geschriwwen an net eng E-Mail un blog.lu. Nodeems schon op doofblog doriwwer geschwat gouf, wollt ech mer dee Projet eben och emol selwer ukucken an eng Kritik driwwer verfaassen, well wat ass e Weblog ursprünglech mol gewiecht? Genau, eng Säit wou een Links op aner Säiten higestallt huet an seng Meenung dozou gesot huet. Meng Kritik ass net vun uewen erof geschriwwen, mir sin offensichtlech Mängel opgefall, an déi hun ech eben kritiséiert. Dass eng grouss Unzuel vun de Feeler den Dag drop du verbessert goufen nodeems eng ganz Rei Leit vu blog.lu aus op meng Kritik gestouss sin (jo, Referrer kennen nozekucken ass eppes schéines ;-)) weist wuel, dass ech mat menger Kritik Recht hat.

    Ech soen net dass de Projet soll begruewen gin, éierlech, ech begréissen d’Initiativ, an ech bewonneren wéivill se elo wou all déi Kritiken hei geschriwwen goufen, schon um Site geschafft hun!

    Wat d’Faarwen ugeet, jo, dat ass, wéi ech selwer och scho sot, eng Affaire de Goût, mee mir gefaalen se net. Ech si selwer och am (Web)design täteg, a blo-rosa ass menger Meenung no keng gudd Wiel.

    Déi Haaptkritik déi ech blog.lu, respektiv Netline maachen, ass datt si de Site online gesat hun, obwuel nach d’Hallschent guer net färdeg war. Esou eppes ass einfach extrem onprofessionell. Wann si de System einfach eng Kéier hätte wellen testen, hätte se de Site jo kennen e puer Beta Tester zur Verfügung stellen, déi no Mängel hätte kennen sichen, an net dem grousse Public eppes presentéiren wat nach net färdeg ass. Acer verkeeft och kee Laptop a kennt dann no 2 Deeg a gett der mol nach däi Motherboard. Wann ech e Site online setzen wou d’Hallschent net geet, da muss ech domat rechnen dass eng hellewull Kritiken op mech duerkommen.

  18. benem says:

    Also ech géing soen, déi Kritik war net geduecht fir den Maacher vu Blog.lu d’Motivatioun ze verdreiwen, mee éischter fir d’Mängel déi bestin opzedecken an domat hinnen vlait Saachen ze weisen, déi si selwer net sou direkt gesin hun, an daat ganzt as konstruktiv geduecht fir dass si kennen daat verbesseren wat net sou gudd as.

  19. federico says:

    Ech kann mech deenen meeschten Leit hei effektiv nemmen uschléissen. An wéi et ausgesäit, gett et lo och eng Rubrik “Blogosphère” op blog.lu.
    Anscheinend gett wierklech vun hinnen hei oder enzwousch aanescht matgelies :-)
    Fannen et awer och ganz flott dat si sech wat hei gesot gett zu Häerze huelen, dat weist jo awer och rem e bessen dat et hinnen net egal ass wéi hieren Site do steet an dat eppes soll draus gin.
    Si mol gespaant wéi et alles weidergeet, an hoffentlech huet deen Portal dann och eng Zukunft.

  20. Thierry says:

    Jo, Respekt fir dat wat se an deenen leschten Deeg alles op d’Been gestallt hun. :)

  21. pa says:

    “Blogosphère”… Grmpf! Di wärte mer lo jo awer net domm kommen. Ech hat fir mäin “podster” fir lëtzebuergesch Blogen bis ë Sonnden färdeg ze hun!

    Mä u sëch kann ech blog.lu just begréissen, vläit ginn ët dann an Zoukonft méi Blogen hei zu Lëtzebuerg.

  22. Thierry says:

    Ech drécken der d’Daumen pa, du schaffs dat! :-) A wat ass wann et e puer där Dénger gin, kuck mol wéivill Directories et am Ausland gin. :)

  23. Thorben says:

    ech haat mol gepodcastet, ass zwar sau ustrengend wann der den equipment feelt, ass en gefummels

  24. Thierry says:

    Also mir mecht et Spaass. :)

  25. pa says:

    Fir wann nach een sollt hei matliësen:

    Ënnert blog.egalwaat.lu ass d’Blogbuerg online gaangen. Wann der eppes dozou zë soën hutt, dann maat dat weg. am Forum an der Rubrik “Blogbuerg”.

  26. benem says:

    also ech liesen nach mat ;)

  27. Pingback: popcornschluecht « egalwaat.lu: home of the vuvuzelas

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>