Archive for January, 2006

lb-LU

Monday, January 30th, 2006

Wéi ech an de Kommentären zu engem Artikel vun der Nuddel geliës hun, bidd Microsoft lo eng Lokaliséirung vun den Astellungen vun Windows XP SP2 op Lëtzebuergesch un: Microsoft Windows XP SP2 Update 897338.

Als Neierung bréngt ët ë neien Tastaturlayout mat, deen u sëch de nämlechten wi den hei zulands üblechen “Schwäizer-Franséisch (SF)” ass, mä lo als “Luxembourgish (LB)” figuréiert. Desweideren huët een gewëss Astellungen wi de Wochendag op Lëtzebeurgesch (“Méindeg 30 Januar 2006″) an ën Datumsformat mam “Dag/Mount/Joër”-Schema. Ech froë mch zwar op d’30 net nach misst ë Punkt kréien an op beim Datum hei wirklech de schiife Strëch méi benotzt gett, wi de Punkt.

de mëllen secteur

Friday, January 27th, 2006

D’Kichelechers Monster huët d’Homepage vum "Secteur Rap" entdeckt, engem lëtzebuergeschen Möchtegern-Rap-Group. Di zweifelhaft Qualitéit vun hire "Lidder" ass ower net dat Schlëmmst dodrun, mä éischter di Kommentaren di op den Artikel hin hannerlooss goufen. Do gin di schlëmmsten Virurdeeler iwwert d’"Jugend vun haut" bestätegt.

Link

what do they call a quarter pounder in luxembourg?

Friday, January 20th, 2006

Nom Zombiefilm vum läschte Joër steet eis rem eng nei Produktioun vun engem jonken lëtzebuergeschen Filmteam an d’Haus, respektiv an de Kino. "Who’s Quentin" froën sëch eng ganz Rei vun Gangsteren a wuël och den Spectateur. Aaneschters wi di "gehiirlos" Produktioun vun Halloween 2005, schengen d’Produzenten ower ë besse méi iwwert hirt Handwierk ze verstoën; dat loossen opmannst den Trailer an ë Clip aus dem Film vermuten, déi een sëch kann um offiziellen Site ukucken. (via doofblog)

Link

The Producers

Tuesday, January 17th, 2006

The Producers When producer Max Bialystock’s (Nathan Lane) latest play is smashed by the critics as well as the audience, he is in need of a plan that pays off big. When his accountant Leo Bloom (Matthew Broderick) tells him that under the right circumstances ‘a producer could make more money with a flop than he could with a hit’, Bialystock is bound to try this theory out in practice. Bloom and Bialystock then begin their search for the worst play ever written and soon discover Franz Liebkind’s (Will Ferrell) Springtime for Hitler. After some unconventional negotiations with the playwright, the production of the play is given a go and ensues Bialystock raising money by wooing and bedding 85-year-old grandma’s, hiring a hot aspiring Swedish actress (Uma Thurman) as his secretary and casting the playwright himself as the one and only Adolf Hitler.

From the twisted mind of Mel Brooks comes this redo of the original 1968 movie and musical that is bound to ‘offend people of all races.’ Susan Stroman (yes there are female directors) helms this time around and brings us a hilarious adaptation with probably the most unconventional themes ever used in theatre and musical. The casting of Nathan Lane, Matthew Broderick, Uma Thurman and the always side-splitting Will Ferrell (alright let’s erase Bewitched from our minds) was an act of genius. The songs and tunes could have been catchier but the lyrics more than make up for that. You should however be warned; if you don’t like the characters breaking out into songs every ten minutes or so go and watch something else. If however you are a Mel Brooks fan and like your musicals and can’t make it to New York or London’s West End where it is currently played on stage, you should definitely have a go even though it’s not yet springtime. Oh, and please leave your inhibitions at the popcorn stand.

A great product! (3 out of 4 broad ways)

luxembourg’s worst webdesigner

Monday, January 16th, 2006

Beim Cookie Monster gett an engem Artikel iwwert den schlechsten Snowboarder vu Lëtzebuerg geschwaat. Fir di Websäiten, di Luxproduction do erstellt (z. Bsp. déi vun deser Persoun), ging ech net nëmmen mäi Geld zréck froën, mä och eng Entschiëdegung wengst séileger Grausamkeet. An ë gudden Typ, mäi Jong, léier mol schreiwen! "aviable" an "Konakt" si Wiërder, di ët net gin!

da bomb

Thursday, January 12th, 2006

Am Doofblog gett ët de Link zu enger Galerie mam éischten Superjhempalbum iwwerhaapt: “De Superjhemp géint de Bommeler”. Vill Spaass beim Liësen!

Link

Réckbléck

Sunday, January 8th, 2006

An hei ass den Statistikenréckbléck vun egalwaat.lu fir d’Joër 2005.

Insgesamt hun ronn 21.000 Leit dëse Site opgeruff an dobäi ëm di 3 GB un Donnéen erof gesuckelt. Villmols Merci! Ech hoffen, së woren net zevill enttäuscht mat deem, wat së hei fonnt hun. 43% vun den Visiteuren benotzen den Internet Explorer an 46% den Mozilla Firefox. Am mannsten gekuckt gouf dësen Site vun enger Telé mat engem Browser, deen den Numm “WebTV” dréit. Datt 28 Leit mam Lynx hei hi kommen, freet mech, obschons ech lo net direkt weess, wéi d’Säiten do ausgesinn. Bei de Betriebssystemer läit den Windows XP an 2000 eendeiteg fir (baal 90%), duerno kommen nach verschidden Linuxdistributiounen an MacOS. Souguër BeOS an OS/2 sin nach vertriëden. Di meeschte Leit kommen iwwregens, kee Wonner, aus Lëtzebuerg. Duerno sin d’USA an Däitschland un der Rei, gefollegt vun Groussbritannien, Frankräich an der Belsch.

Ët gouf och no deenen komeschsten Saachen gesicht. An der TopTen stinn Begrëffer wéi “gangxtarappers”, “dat imperium knippelt retour”, “multikulti” an “zu arel op der knippchen” dran. Di manner oft gesichten, ower net manner komesch Begrëffer an där Lëscht sin iwwregens “schnitzelmitkartoffelsalat”, “zombiefilm luxembourg”, “what does kleeschen mean”, “liebesbriefe und anderes”, “hypnotoad screensaver”, “kommunistisch privilegierter bauer”, “infamous psychopathic people”, genau sou wi “handschuhe weihnachtsmann kinder kapitalistisch”, “berlin vs luxemburg” an “wei gin ech en star”. Vun der Halschent hun ech mol keng Ahnung, firwat së heihin verweisen, mä ech si scho gespaant, wat d’nächst Joër um Plang steet.

2006

Sunday, January 1st, 2006

Moien, am neisten Joër, dat ët jee gouf! An ët fängt schons gudd un, well d’Joër 2006 ass dat

an ët läit an der