Réckbléck

An hei ass den Statistikenréckbléck vun egalwaat.lu fir d’Joër 2005.

Insgesamt hun ronn 21.000 Leit dëse Site opgeruff an dobäi ëm di 3 GB un Donnéen erof gesuckelt. Villmols Merci! Ech hoffen, së woren net zevill enttäuscht mat deem, wat së hei fonnt hun. 43% vun den Visiteuren benotzen den Internet Explorer an 46% den Mozilla Firefox. Am mannsten gekuckt gouf dësen Site vun enger Telé mat engem Browser, deen den Numm “WebTV” dréit. Datt 28 Leit mam Lynx hei hi kommen, freet mech, obschons ech lo net direkt weess, wéi d’Säiten do ausgesinn. Bei de Betriebssystemer läit den Windows XP an 2000 eendeiteg fir (baal 90%), duerno kommen nach verschidden Linuxdistributiounen an MacOS. Souguër BeOS an OS/2 sin nach vertriëden. Di meeschte Leit kommen iwwregens, kee Wonner, aus Lëtzebuerg. Duerno sin d’USA an Däitschland un der Rei, gefollegt vun Groussbritannien, Frankräich an der Belsch.

Ët gouf och no deenen komeschsten Saachen gesicht. An der TopTen stinn Begrëffer wéi “gangxtarappers”, “dat imperium knippelt retour”, “multikulti” an “zu arel op der knippchen” dran. Di manner oft gesichten, ower net manner komesch Begrëffer an där Lëscht sin iwwregens “schnitzelmitkartoffelsalat”, “zombiefilm luxembourg”, “what does kleeschen mean”, “liebesbriefe und anderes”, “hypnotoad screensaver”, “kommunistisch privilegierter bauer”, “infamous psychopathic people”, genau sou wi “handschuhe weihnachtsmann kinder kapitalistisch”, “berlin vs luxemburg” an “wei gin ech en star”. Vun der Halschent hun ech mol keng Ahnung, firwat së heihin verweisen, mä ech si scho gespaant, wat d’nächst Joër um Plang steet.

This entry was posted in Intern, Internet & PC. Bookmark the permalink.

One Response to Réckbléck

  1. boxeschesser says:

    moin

    du kanns bei dejavu.org op “Go to the emulator to re-live an era in the history of the web!” (Link: http://www.dejavu.org/emulator.htm) klicken, do steet och Lynx dran fir auszeprobeieren, da gesais de wei daat ausgesäit wanns de domadden geings surfen. Mee bon daat ass de Browser vun Anno Tubak, et ginn jo och aktuell Versiounen vun Lynx…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>