luxembourg’s worst webdesigner

Beim Cookie Monster gett an engem Artikel iwwert den schlechsten Snowboarder vu Lëtzebuerg geschwaat. Fir di Websäiten, di Luxproduction do erstellt (z. Bsp. déi vun deser Persoun), ging ech net nëmmen mäi Geld zréck froën, mä och eng Entschiëdegung wengst séileger Grausamkeet. An ë gudden Typ, mäi Jong, léier mol schreiwen! "aviable" an "Konakt" si Wiërder, di ët net gin!

This entry was posted in Internet & PC. Bookmark the permalink.

19 Responses to luxembourg’s worst webdesigner

  1. benem says:

    déi Persoun == Luxproduction ;)

  2. benem says:

    an ech woen ze behaapten, dass den Design vun foryou.lu geklaut as..

  3. benem says:

    sou, genuch gespamt: am Contact steet “Foryou.lu & Luxembourgbynight.com”, déi schaffen also anscheinend zesummen ;)

  4. Thierry says:

    En huet iwwerall “aviable” stoen ech kéinnt mech stonnelaang doriwwer opreegen… Mee ech hun schon cookie monster domat zougespammt also loossen ech dat léiwer sin :)

  5. pa says:

    Entweder weess ën ët net besser oder ë benotzt zevill Copy&Paste.

  6. Thierry says:

    ‘t ass iwwregens och ‘worst’ an net ‘baddest’… also pa vun dir hätt ech awer besseres erwaart :P (du dierfs dee comment hei roueg rem läschen wanns de de feeler verbessert hues :) )

  7. pa says:

    Ech wosst dat. Dat sollt eng Subtilitéiet sin: wann een vu schlechtem Englesch schwätzt, dann muss een ës och schreiwen. Sou wi een falcsh och ëmmer muss flasch schreiwen, well ët jo soss richteg wir ;)

    Mä wann ech dann sou subtil war, datt just ech ët verstaanen hun, änneren ech ët léiwer ëm.

  8. Thierry says:

    Sorry, ech hat mech wuel e bessen zevill iwwer deem D. S. seng Onwessenheet opgereegt dass mer dat net opgefall ass. :-)

  9. Tuxophil says:

    Wow, Luxproduction ass genial =)
    „Und dies zu einem unschlagbaren Preis von nur EUR 400,- €.“

  10. benem says:

    Am Prinzip as daat bellech, mee fir déi Qualitéit as daat wesentlich ze deier ;)

  11. Fireball says:

    Waat? Et kann en 400 € fir eng Websait fir eng Firma kreien? -.- Fannen daat zwar ziemlech deier. Virwaat maachen ech sou eppes net einfach? fir de Jhempi vun Hannerklengwainheffen kann ech och eng Homepage basteln, dei dann och nach besser ausgesait wei daat waat “luxproduction” mescht. ;-)

    An souwiesou geheiren Leit mat engem animeierten Logo gestenegt, geterrt, gekraizegt an durno verbrannt.

  12. Fireball says:

    Oh gott, daat hunsch lo graad reischt gesin:
    “Programmierung in HTML”
    *mam kapp an d’mauer renn*

  13. benem says:

    @ Fireball, dann fro mol bei enger professioneller Firma no, wéivill déi froen fir eng Basis-Websait ;)
    Bedenk, do stecht fir déi och méi dran wats de net direkt bedenks, wéi z.B. Salairen vun den Matarbechter, Locatioun vun hiren Büroen asw., daat mussen se irgendwéi bezuelen.

  14. Thorben says:

    Wann ech mol an der Zait mei fir Firmen geschafft haat, hun se dann gefrot, wat ech kreich, dann soot ech, mir egal. Dann hun se kuerz gerechent… gin fir 40 Stonnen Aarbecht 1000€ duer? Ech si baal vum Stull gefaall, si hu sech an d’Fauscht gelaacht well se wossten, dat se doo een gudd domm kritt hun.
    Alles mat Medien ass extrem gudd bezuelt. Als freelancer fannen ech mol. mee dat wäert net eiweg sin.

  15. Tuxophil says:

    400€ wir jo an der Rei, wann een eng Géigeleeschtung kréich :-)
    „EUR 400,- €“ Jo! Wierklech! Euro, keng Frangen!

  16. sissi says:

    wees zua net waat hei leeft mee bessi null sou am allgemengen…
    *spillschoul olé!!*

    ahjo na su niewebei kolleg “pa” falcsh ass jo wuel och net su ganz korrekt nedu!
    °have fun°

  17. thorben says:

    dat ass den hummer dat doten. näischt bekäppt.

  18. pa says:

    Op Nofro vun “där Persoun” D*v*d S*h*o*s*e*, hun ech de Numm eraus geholl. Dat ass jo wirklech schon 2 Joer hir a Fehler soll ee net éiweg nogedroe kréien.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>