what do they call a quarter pounder in luxembourg?

Nom Zombiefilm vum läschte Joër steet eis rem eng nei Produktioun vun engem jonken lëtzebuergeschen Filmteam an d’Haus, respektiv an de Kino. "Who’s Quentin" froën sëch eng ganz Rei vun Gangsteren a wuël och den Spectateur. Aaneschters wi di "gehiirlos" Produktioun vun Halloween 2005, schengen d’Produzenten ower ë besse méi iwwert hirt Handwierk ze verstoën; dat loossen opmannst den Trailer an ë Clip aus dem Film vermuten, déi een sëch kann um offiziellen Site ukucken. (via doofblog)

Link

This entry was posted in Kultur, News. Bookmark the permalink.

5 Responses to what do they call a quarter pounder in luxembourg?

  1. Fireball says:

    Et ged leider Gottes vill “gudd” letztebuergesch Filmer vun jonken Realisateuren, dei nie an de “Kino” kommen, bzw. just um Open Screen gewissen gin. Daat dann leit wei dei vum Zombiefilm direkt quasi zu “Stars” gin, ass mir eischter onverständlech.

  2. Thierry says:

    Den Open Screen gett et awer leider net méi… :(

  3. federico says:

    Naja Stars ass vläicht och bessen falsch? … Also, den Zombiefilm ass dach och genau sou séier verschwonn wéi e komm ass?

  4. Petz says:

    Salut allegueden,

    Sin den Petz, Co-réalisateur, Co-Writer an Initiator vum ZombieFilm. Wees net ob iwwerhaapt nach een hei an den Forum kucken kënnt mee fir den Fall wou, hei e puer Hannergrondinfos zum Zombiefilm: Den Film ass am ganzen 6 Wochen an den verschidden Lëtzebuerger Kinoen gelaaf, dovun 3 Wochen am Utpolis mat awer nëmmen 2 Séancen pro Woch. Am Utopolis woren baal all Séancen ausverkaaf an Reaktiounen woren duerchwegs positiv well Leit den Film fir daat gesin hun, waat een ass : een zimmlech blöden awer dach strechkenweis witzegen Klamaukfilm, deen ganz vill technesch Schwächten huet (ett wor onsen éischten Film). Selbstverständlech hun mir och Leit begéint déi den Film “den décksten Schäiss deen ech je gesin hun” (Zitat) fonnt hun, mee wann een keng Kritik verdroen kann, dann soll een guer net unfänken Filmer ze man. Jiddereen därf jo seng Meenung hun. Mir hun den Film iwwregens Zombiefilm genannt, well mer 100% sëcher wollten goen, dass och all Mënsch wees, waat do op hien zoukënnt.

    Mir hun den Film och nie als eppes verkaaf waat en net ass an hun emmer an iwwerall ennerstrach dass ett eben een pueren Amateur-Film ass.

    Mir hun am ganzen ronn 1.000 Zuschauer gehaat, esou dass mir bei der ganzer Sach Suen drop geluecht hun, mee daat wossten mer vun vir eran. Ons ass ett just em den Spaas gang ze probéieren vun Null op an ouni Erfahrung een Film ze man. Keen vun onsen Leit (Crew oder Schauspiller) ass een Star oder huet Ambitiounen een ze gin. Mir wollten all einfach een Film machen deen mer selwer gär wéilten am Kino gesin.

    Mir woren die éischt déi iwwerrascht woren, dass den Utopolis den Film fir e puer Séancen akzeptéiert huet an nee – ons a.s.b.l. huet nie een Cent dofir bezuelt fir den Film ze weisen (déi Suen hun mir guer net an wann mer sie hätten, géifen mer sie méi sënnvoll ansetzen wéi z.B. fir eng besser Belichtung, besseren Toun, etc.)

    Fir eis wor ZF eng rieseg Erfahrung an huet ons Loscht gin op weider Projet’n.

    Open Screen fannen ech eng super Initiative an mëttlerweil léift daat jo rem. Fir Unreegungen an Kommentaren ass ons Equipe emmer dankbar.

  5. Jean Paul says:

    Open Screen ass et nach emmer ginn an besteet weider.
    D’Informatiounen ginn et emmer op http://www.filmreakter.lu

    Bis dann
    Jean Paul

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>