duelem op der linn

Eng nawell interessant Gemengesäit huet d’Gemeng vun Duelem. Eng Hellewull un Informatiounen fënnt een op enger leider net immens iwwersichtlecher Startsäit, déi dat awer duërch staarken Engagement kompenséiert. Vum lokalen Dokter iwwert d’Kontaktméiglechkeeten mam Gemengepersonal bis zu eenzelnen Säiten vun den Duelemer, Fëlsdreffer oder Welfrenger Clibb fënnt een wirklech alles op dahlheim-online.net. Souguër ë Newsletter kann een do abonnéiren. Dat nennen ech ë Service, deen net all Gemeng bidd!

Link

This entry was posted in Internet & PC, News. Bookmark the permalink.

2 Responses to duelem op der linn

  1. Thierry says:

    T’ass eng Privatsäit, déi offiziell Säit vun der Gemeng fenns de ennert: http://www.dalheim.lu/ T’ass also guer net néideg d’Gemeng sou ze luewen, well di ofiziell Säit ass genausou schlecht wéi bal all déi aner Webssäiten vu Gemengen. :-)

    Trotzdem ass wierklech vill Inhalt op dalheim-online, do huet een sech ameséiert… :)

  2. Ma hei ass den webmaster deen sech esou ameséiert :-)) , effektiv maachen ech déi Duelemer Sait mat eegenen finanziellen Mëttel an och déi voll Zait fir all déi Informatiounen ze sammelen ass komplett fraiwelleg.

    Secher, un der Iwersiichtlechkeet muss nach vill geschafft gin, awer wéi ech am September mat deer Sait ugefaangen hun war am Internet weider naischt ze fannen wéi vereenzelt Dokumenter an Links.

    Elo gesait et natirlech einfach aus wann alles zesummengedro ass an regroupéiert gouf. Ech versichen och tatsächtlech eosu’ aktuell wéi nemmen méiglech ze bleiwen an bal all Daag schaffen ech un deer Sait.

    Net einfach well mat dem Samupc (www.samupc.lu) deen ech och gratis maachen an menger fester Arbechtplaats a virun allem menger Famill déi absolut un éischter Plaats steet ass daat guer net einfach.

    Ausserdem maachen ech jo och nach Internetsaiten vun Bekannter, Kollegen, Famill an aneren sympateschen Leit wéi dem http://www.aloe.lu , http://www.jeco.lu , http://www.holzluss.lu , http://www.alvisse.lu an http://www.schaefer.lu

    Froen mech selwer wéi ech daat enner een Hud kann kréien awer bis ewell klappt daat ganz gudd.

    Soen Iech villmolls merci dass ech iwerhaapt ernimmt hin sin an loosen mir eng afaalen wéi ech daat nach besser kann maachen wat d’ Duelemer Saiten betrefft.

    Schéin Gréiss aus Duelem,

    Gilles

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>