winterwonderland

Dat wor jo nawell séier gaangen, haut, mam Schnéi. Op der Foto hei niëwendrun gesäit een d’Plëss an der Staad géint 17 Auer. Den Hond an der Mëtt ass iwwregens ën Dalmatiner. Ënne riëts ass zum Vergläich eng Noopnahm vum Schnéi. Ët wärten ongeféier 20 cm gewiëscht sin. Bei wiëm louch méi? A bei wiëm manner?

This entry was posted in Divers. Bookmark the permalink.

6 Responses to winterwonderland

  1. Thierry says:

    Ah, ech hu mech dee ganzen Metteg geiergert dass ech den Fotoapparat net dobäi hat well d’Plëss war effektiv flott. :)
    Ech wees net wéivill Zentimeter bei mir (Jonglënster) louchen, mee 20 kennen et der awer gewiercht sin, well et war nawell ustrengend doduerch ze treppelen – kee Mensch hat et fir néideg befonnt och nemmen eng eenzeg Kéier Schnéi ze scheppen… :)
    Ech hätt als Titel wahrscheinlech “wintercurseland” geholl. ;-) Well wann een iwwer 90 Minutten brauch fir Staat – Jonglënster (ronn 20 km) just well de Buschaffeur muss improviséiren an eng aner Streck fiert ass de Schnéi méi Fluch wéi Wonner. :-P

  2. Fireball says:

    Schnei suckt am allgemengen. *fckw-spraydous aus der fenster hällt an se einfach mol eidel sprayt* ;-)

  3. Thierry says:

    FCKW verschlemmert d’Saach nemmen. :-P Et gett vläit dann eng Zäitchen méi laang, mee da schléit de Klima komplett em an da setzen mer an enger Äiszäit. An dat ass dat Lescht wat ech well ;)

  4. Fireball says:

    An mat der globaler Verdaischterung (daat ged et wirklech!) ass den Draam vun der eegener Sonnenbrellenkollektioun endgülteg geplatzt…

  5. Thierry says:

    Palapapp… Et gin souvill Grousstiedt mat Liichtverschmotzung do gett et bestemmt och iergendwann een Maart fir déi eegen Kollektioun vu Sonnebrellen, speziell fir an der Nuecht unzedoen. ;)

  6. benem says:

    so Thierry, kenns du den Thibaut’s Misch? dee misst amfong zu Jonglenster wunnen, hun deen an der Mathé ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>