blök

Ë Spill vun enger bëssen aanerer Zort ass “The Endless Forest”, ë belsche Konschtprojet, deen ënnert aanerem vum Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean co-finanzéiert gett. Ët ass ën Online-Spill, an deems een als Hirsch verkiërpert kann duërch ë Bësch laafen an aaner Matspiller ublöken. Am Moment ass dat nach ë besse wéineg, mä a weideren Phasen sollen weider Fonktionalitéiten an Zesummenaarbecht mat de Spiller (iwwert ë Forum) dobäi kommen. Am Géigesaatz zu kommerziellen Spiller, gett hei och manner Wärt op d’Erledegen vun Aufgaben a Sammlen vu Punkten geluëcht, wéi villméi op d’Kommunikatioun tëschent den Spiller an d’gemeinschaftlech d’Erliëwen vun där virtueller Welt.

Link

This entry was posted in Internet & PC, Kultur. Bookmark the permalink.

5 Responses to blök

  1. Fireball says:

    An fir 2007 ged den Hirsch dann blo gefirwt, fir daat en an Reih vun 2007 passt. ;-)
    Irgendwei ass daat eng cool Idee.

  2. pa says:

    Dorun hat ech och schons geduëcht. Së si jo ëmmer op der Sich no Subsiden, ‘t kinnt een hinnen di Iddi mol soën ;)

    De Programm ass awer heiansdo ë bessen “buggy”. Eng Zäitchen kruut ech mech guër net agelogged (si mussen dann anscheinend de Server vun Hand frësch starten) an ët kënnt alt och mol fir, datt mer de Programm ofstiërzt.

  3. federico says:

    Lo wollt ech dat “Spill” do och testen, bis ech gemierkt hun dat déi eenzeg Systemanforderung déi ech erfëllen “Fast Internet Connection” ass … :(

  4. Thierry says:

    Ech erfellen och leider nemmen Conditiounen “Fast Internet Connection”, “200 MB free space” an 256 MB Ram… Schued :-/

  5. Fireball says:

    Waat hudd dir dann fir Computeren? D’ass jo schlemm daat doen ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

*

You may use these HTML tags and attributes: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>